Search

You may also like

De Bolsonaro „spillt“ mam Feier
Neiegkeeten

De Bolsonaro „spillt“ mam Feier

Zanter Wochen hänken eekeleg Dampwolleken iwwert der Stad Rio Branco.

USA: déi eng gi vum selwen, deenen anere wëll den Trump op d‘Spréng hëllefen
Neiegkeeten

USA: déi eng gi vum selwen, deenen anere wëll den Trump op d‘Spréng hëllefen

Dem Donald Trump seng Entscheedung d‘Truppen aus Syrien ofzezéie bréngt

Jean Asselborn: D’Verhandlunge mat den USA gi virun!
Neiegkeeten

Jean Asselborn: D’Verhandlunge mat den USA gi virun!

De Rot vun der EU huet gëschter d’Mandater ugeholl, déi

Campagne „Gitt Siichtbar“: Well et heiansdo gutt ass opzefalen!

Campagne „Gitt Siichtbar“: Well et heiansdo gutt ass opzefalen!

Wéi all Joers ass et wichteg a leider och néideg nees drun ze erënneren, datt een an där däischterer Joreszäit gutt drun deet opzefalen. Tëscht 2011 an 2015, esou d‘Statistik, hunn zwee vun dräi Accidenter an deenen e Foussgänger verwéckelt war, an der Däischtert stattfonnt. D‘Lescht Joer hunn esou aacht Mënschen hiert Liewe verluer.

Gitt SiichtbarFir all Mënsch op de Problem opmierksam ze maachen an hoffentlech och ze sensibiliséieren, gëtt et dann och 2017 eng Campagne „Gitt Siichtbar“. Déi gëtt am Partenariat tëscht dem Infrastrukturministère, der Police an der Securité Routière organiséiert. An e Rendez-vous fir sech „schlau“ ze maachen“ oder einfach nëmmen e puer gutt Rotschléi mat op de Wee ze kréie gëtt et och.

22. Oktober, Dag vun der Verkéierssécherheet

D‘Campagne „Gitt Siichtbar“ verfollegt en duebelen Objektiv am Sënn vun der Preventioun. Esou soll engersäits jiddereen ermontert ginn „opzefalen“. Dat geet gutt mat helle Kleeder, mee ass besser mat engem Kazena. An hei gëtt et mëttlerweil och vill Moudesches, fir datt engem d‘Undoen nach eppes méi liicht fält.

An anersäits sinn natierlech och d‘Automobilisten opgeruff sech am Grëff ze hunn. Gutt oppassen a seng Vitesse de Wieder- a Siichtverhältnesser upassen ass also fundamental. Vläicht muss een dann och wierklech nach emol drop hiweisen, datt e Foussgänger keng Karosserie huet an d‘Begéinung mat engem Auto méi wéi nëmme Schréipsen hannerléisst.

Dofir dierf ee sech zwar iwwerleeën op een op d‘LuxExpo op d‘Foire „Home & Living“ wëll goen, an do um Stand vun den Organisateure vun der Campagne stoe bleift. Wien dann awer dohinner geet, kann do masseg Informatiounsmaterial erhalen an, fir déi méi knéckeg ënnert eis: Et gëtt och „Kazenaen“ fir matzehuelen…

Kanns et net verpassen

Fir dat elo all déi, déi um Sonndeg Besseres ze dinn hunn wéi ze versichen um Kierchbierg eng Parkplaz ze fannen, d‘Campagne awer och matkréien, gëtt de „Message“ natierlech och an de sozialen Netzwierker, mee och an der Presse widderholl.

Mee och do kann et iwwersi ginn. Also gouf nogeduecht an d‘Campagne gëtt an der zweeter Phas och op de Bus gepecht. Et kann een d‘Informatioun esouguer op 45 Stroosseschëlter erhalen. Esou sollt et da schwéier ginn ze soen: „Ech wousst näischt dovunner“.

Gitt SiichtbarE puer Rotschléi sinn deemno net vu Muttwëll an et kann net schueden sech déi zu Häerzen ze huelen. Ëmmerhin ass dach d‘Gesondheet dat wichtegst wat mer hunn a leider ass schnell eng geschitt. E puer einfach Handgrëffer, e simpele Geste… a scho kënnt ee gesond doheem un.

Gëllt fir jiddereen

Gitt Siichtbar“ de Foussgänger: mat helle Kleeder, engem Kazena oder enger blénkeger LED gesinn a gesi ginn ass alles. Dofir soll een dann och ëmmer géint de Verkéier trëppelen, a de Fall gesat et ass een an der Gewann, kann e Sécherheetsgilet net schueden. Bedenkt d‘Vitesse an d‘Distanz vun de Gefierer déi op iech duer kommen. Wie mam Mupp ënnerwee ass, sollt och deem eng LED oder e Kazena un d‘Halsband hänken.

Gitt Siichtbar“de Fräizäitsportler: och hei ass en Äermchen dee blénkt, liicht oder wéinstens am Däischteren iergendwéi liicht déi richteg Entscheedung. De Gilet fir an der Gewann, besonnesch wann ee méi oft iwwert d‘Strooss lafe muss, ass iwwregens Virschrëft. An d‘Mountainbiker sollte bedenken, datt eng Luucht um Vëlo net nëmme virgeschriwwen ass, mee et hëlleft, wann een se propper hält. Besonnesch wann e grad aus dem Bësch oder vum Feldwee kënnt.

Gitt Siichtbar“den Automobilist: eppes wat am Auto kaum Geld kascht, dat ass de Stroum. Dofir sollt ee grad an der däischterer Joreszäit éischter d‘Luuchten un hunn, wéi se aus ze loossen. Also am Zweiwel léiwer umaachen. Et ass dann och net falsch mat Zäiten déi aner am Verkéier drop opmierksam ze maache wann ee wëll ofbéien oder soss e Manöver wëlles huet. Richteg gutt drop ass een dann och an engem Auto wou d‘Fënstere (bannen a baussen) propper sinn.

Related topics Gesondheet, Gitt Siichtbar, Police, Securité Routière
Next post Previous post