Search

You may also like

money
Mam Containerland ee grousse Schratt an d‘Zukunft
Stories

Mam Containerland ee grousse Schratt an d‘Zukunft

Um Freideg ass zu Beetebuerg de neien Terminal vun der

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier
Stories

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier

„CSV an LSAP hunn d‘Stolindustrie u Mittal ausgeliwwert!“. Esou d‘Iwwerschrëft

Den Direkter vun der Uni.lu muss keen Däitsch kënnen
Stories

Den Direkter vun der Uni.lu muss keen Däitsch kënnen

Während iwwert d’Sproochen am Enseignement nawell vill dëser Deeg geschwat

Eng Campagne am Zeeche vun de Mënscherechter

Eng Campagne am Zeeche vun de Mënscherechter

Wéi all Joer mécht Amnesty International (AI) och 2017 erëm seng Käerze-Campagne. Woubäi dëst Joer d‘Campagne all deene Mënsche gewidmet ass, déi sech Weltwäit fir d‘Mënscherechter asetzen. Leit fir déi sech Amnesty International asetzt.

D‘Käerze sollen esou d‘Solidaritéit deene géinteniwwer ausdrécken, déi fir hir Rechter a Fräiheet kämpfen. Wéi all d‘Sektioune vun Amnesty International, wënscht sech och déi AI-Lëtzebuerg hannert ville Fënsteren eng Käerz liichten ze gesinn.

A mam Kaf vun enger Käerz dréckt een dann och net nëmmen seng Solidaritéit aus. Och wann et ee wichtege Geste ass fir ze weisen datt engem Mënscherechter wichteg sinn. Den Erléis vum Verkaf vun de Käerze vun Amnesty International dréit derzou bäi, d‘Aktiounen zur Ënnerstëtzung vun de Mënscherechtler weltwäit matzedroen.

Et gi méi grouss bekannte Fäll

An de leschte Méint konnt een dann och deel hunn un der Befreiung vu ville Mënsche fir déi sech Amnesty International während senge leschte Käerz-Campagnen agesat huet: Esou an den USA de Fall vum Chelsea Manning, oder am Perou d‘Fräiloossung vum Máxima Acuňa.

Mee och den Erkin Musaev aus dem Usbekistan, d‘Phyoe Phyoe Aung am Myanmar oder de Fred Bauma an den Yves Makwambala aus der Demokratescher Republik Congo, konnten duerch déi gesammelt Fonge gehollef kréien an hir Fräiheet nees erlaangen.

Am ganze konnten esou 21 Mënschen hiert Liewen nees erëmkréien, fënnef weiderer sinn der Doudesstrof entgaangen. Mam Kaf vun enger AI-Käerz mécht een also vill méi wéi nëmmen seng Solidaritéit den Ënnerdréckte vun dëser Welt seng Solidaritéit auszedrécken.

Déi Lëtzebuerger Sektioun vun Amnesty International kann hei dann och nach aktiv Hëllef gebrauchen. Wien se op engem Stand als Benevole wëll ënnerstëtze kann sech via Internet aschreiwen. All Hänn si wëllkomm.

Wien just eng (oder méi) Käerz(e) wëll kafen, kann dat op engem Stand, an de bedeelegten Apdikten, am Reseau Naturata oder am „e-shop“ maachen. Wien sech selwer engagéiert a d‘Käerzen ënnert d‘Leit wëll brénge kann sech fir d‘Campagne „Käerzen 2017“ aschreiwen.

Related topics Amnesty International, Käerze-Campagne 2017, Lëtzebuerg, Mënscherechter
Next post Previous post