Search

You may also like

Buergermeeschtesch net vu Flüchtlinge begeeschtert
Neiegkeeten

Buergermeeschtesch net vu Flüchtlinge begeeschtert

Wärend d‘EU-Kommissioun zumindest den Androck erwäche wëll, am Kontext vun

Annexe22: Wann d’Stäre vum Himmel falen
Neiegkeeten

Annexe22: Wann d’Stäre vum Himmel falen

Bis den 12. Juni inclus hëlt d’Lëtzebuerger Artistin Sali Muller

Weltautismusdag 2020: Mam Film „Rain Man“ a bloer Kleedung zesummen duerch den Dag!
Neiegkeeten

Weltautismusdag 2020: Mam Film „Rain Man“ a bloer Kleedung zesummen duerch den Dag!

Den haitegen 2. Abrëll 2020, ass net nëmmen e weideren

Camping zu Lëtzebuerg: D‘Stëmmung war scho besser

Camping zu Lëtzebuerg: D‘Stëmmung war scho besser

Datt am Kontext vun der sanitärer Kris an deenen sech dorausser ofleedende Contrainten, d‘Saison 2020 fir den Tourismussecteur éischter komplizéiert géif ginn, dat war kee Geheimnis. Staark vun dëser Kris Betraff dann och d‘Bedreiwer vun de Campingen. Si kënnen net, entgéint den Hoteller, am Wanter den Defizit vum Summer partiell opfänken. D‘Gesiichter schwätzen hei och Bänn…

Vun do „Owen“ laanscht d‘Sauer bis iwwer d‘Musel hin an de Süden, ouni awer den Zentrum ze vergiessen, de Gestionnaire vun de Campinger steet d‘Verzweiwlung reegelrecht an de Aen an do wou et Mëtt August eigentlech ëmmer „Ausgebucht“ oder „Complet“ heescht, sinn d‘Stellplaze fir Roulotten a Camper eidel. Déi gewinnten Aktivitéite bleiwen aus, d‘Stëmmung ass bedréckend.

Do wou ee sech Kanner erwaart, déi no Häerzensloscht spillen oder soss hirem Alter entspriechend beschäftegt sinn, ass et eidel a roueg… ze roueg. D‘Covid19-Pandemie, déi Lëtzebuerg trotz den Exzesser vun ee puer onverbesserleche Rabbelkäpp ganz gutt am Grëff huet; déi vill Tester – déi jo och eise friemlännesche Gäscht gratis ugebuede ginn – sollten eigentlech Sécherheet vermëttelen.

Mee den auslänneschen Tourist riicht sech no deem wat „seng“ Medie verbreeden, deel och no deem wat seng Regierung esou vu sech gëtt, an do heescht et klipp a kloer, datt Lëtzebuerg en europäeschen Infektiounsbrennpunkt ass. Mir sinn déi Aussätzeg, déi vun deenen ee sech muss ewech halen. Net emol méi de klenge Grenzverkéier op Our, Sauer a Musel schéngt nach méiglech.

Dobäi, an dovunner dierf ee sech mat eegenen Aen iwwerzeegen, hunn eis Campinger all déi der Covid19-Pandemie geschëlte Mesuren ergraff. Eis Campingsplaze sinn héichwäerteg an der Ausstattung an et heescht generell, datt de Service mat dat bescht ass wat Europa ze bidden huet. Trotzdeem sinn se dëst Joer verweest, an fir vill ënnert hinne wäert et richteg enk ginn.

Verloschter tëscht 25 bis 65 Prozent ka kee Betrib, net emol déi wou als gemengnëtzeg, also vu lokale Vereenegungen, Tourismussyndikater jo esouguer de Gemenge selwer, geréiert ginn, opfänke geschweig dann ausgläichen. De Tourismusminister Lex Delles (DP) mécht alles wat a senger Muecht steet, fir dem ganze Secteur inklusiv Horesca, ze hëllefen, mee och do gëtt et Limitten.

Foto: Normalerweis wieren hei all d‘Plaze beluecht © CampriLux Asbl

Related topics Camping, Covid19, Tourismus, Vakanz doheem
Next post Previous post