Search

You may also like

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach
International Neiegkeeten

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach

Et ass ee weltwäit bekannten Gebai vum Frank Lloyd Wright

Speedmarathon 2021 – D’Police kontrolléiert Är Vitesse!
International Neiegkeeten

Speedmarathon 2021 – D’Police kontrolléiert Är Vitesse!

Och an dësem Joer hëlt d’Lëtzebuerger Police um Speedmarathon deel

Nei Buslinnen ab dem 18. September
International Neiegkeeten

Nei Buslinnen ab dem 18. September

Oft gefuerdert, sinn ab e Méindeg dräi nei Buslinnen operationell.

Canberra am Noutstand

Australesch Haaptstad vun de Buschbränn bedreet

Canberra am Noutstand

Australien kënnt net zur Rou an déi zanter Méint unhalend „Feier-Saison“ suergt weiderhi fir vill Onmutt a Kappzerbrieches. Elo ass dann och d‘Haaptstad vun Australien bedreet. D‘Autoritéiten hunn alertéiert a warnen, datt d‘Feier am Gebitt vu Canberra onberechenbar kéint ginn. Si hunn dann elo och den Noutstand ausgeruff.

Wéi et säitens den zoustännegen Autoritéiten heescht, géif ee risege Buschbrand op Canberra duer kommen. D‘Féier huet dann och schonn d‘Viruerter vun der 400.000 Awunner-Stad erreecht. Den Andrew Barr, Chef vun der Verwaltung fir d‘Haaptstadregioun: „Dës Feier kéinten onberechenbar ginn. (…) Et ass dee geféierlechste Brand zanter 2003“. Deemools waren 160.000 Hektar Land de Flamen zum affer gefall, véier Mënsche sinn dobäi ëmkomm, 500 Haiser ganz ofgebrannt.

CanberraGanz esou schlëmm ass d‘Situatioun zur Stonn dann awer net. Aktuell wier nëmmen eng Fläch vun 18.500 Hektar vum Feier betraff. De Grond fir dëst Feier ass bekannt: verursaacht gouf et onbeabsichtegt e Méindeg, nodeems en Helikopter no sengem Opklärungsfluch gelant ass. Deem ganzen elo Här ze ginn, huet och mat der Meteo ze dinn, an d‘Previsiounen si leider net déi bescht.

Laut der offizieller Wiederprognos, sollen de Weekend ronderëm Canberra d‘Temperaturen déi 40°C Mark iwwerschreiden. D‘Experte befierchten dann elo awer och, datt d‘Feier säin eegent Wiedersystem entwéckele kéint. D‘Zesummespill vun héijen Temperaturen, der Dréchent an dem Wand, mécht et eigentlech onméiglech d‘Verhale vum Feier richteg anzeschätzen. Och läschen ass schwiereg, well déi „déck“ Dampwolleken den Asaz vu Läschfliger extreemst beanträchtegt.

CanberraDatt den Noutstand ausgeruff ginn ass, huet awer eng positiv Säit: esou hunn d‘Autoritéiten op der Plaz wäitreechend Befugnisser fir d‘Bränn ënner Kontroll ze kréien. Si kënnen Evakuéierungen unuerdnen an/oder d‘Energieversuergung ofstellen. Eng Ausbreedung vum Feier kann dat wuel net verhënneren, mee et ass ee Signal fir d‘Awunner, déi gebiede sinn sech a Sécherheet ze bréngen.

Elo gëtt dann awer och nach befiercht, datt d‘Feier nees op de Bundesstaat New South Wales iwwergräife kéint. Hei haten zanter Ufank vum australesche Summer déi schlëmmste Bränn an der Geschicht vum Land fir grousse Misär gesuergt an nach ëmmer sinn net all d‘Bränn ënner Kontroll. Laut den Autoritéite sinn nach ëmmer iwwer 50 Feier amgaangen. De Schued ass onermiesslech…

Canberramat indymedia/mel

Foto: Wann d‘Feier bedreelech no kënnt sollt ee seng siwe Saache paken a senger Wee goen. © Amanda Tobler (via Twitter)

Related topics Australien, Buschbränn, Canberra, Noustand
Next post Previous post