Search

You may also like

USA begleeden de Regimewiessel a Groussbritannien
International Neiegkeeten

USA begleeden de Regimewiessel a Groussbritannien

Dem Donald Trump ass u Groussbritannien vill geleeën, schonn eleng

Mamma, liese mir e Buch?
International Neiegkeeten

Mamma, liese mir e Buch?

Ewéi den Educatiounsminister confirméiert huet, dass d’Schoulen nach bis de

Nuit de la Culture 2021 – Esch, säi Buedem a seng Erënnerungen
International Neiegkeeten

Nuit de la Culture 2021 – Esch, säi Buedem a seng Erënnerungen

De Site vum Ellergronn wäert sech fir d’Nuit de la

Kiffe fir de Staatshaushalt

Frankräich erkennt am rekreative Cannabis eng wirtschaftlech Opportunitéit mee kritt et net hin

Kiffe fir de Staatshaushalt

D‘Fransouse sinn ënnert den Europäer déi „gréissten“ Cannabiskonsumenten an och hinne fält elo op, datt déi ganz Repressioun an d‘Gesetzer näischt bruecht hunn. Hire System huet allerdéngs eng Parallelgesellschaft ervirbruecht. Grousst Geschäft an null Steieren, esou geet Kapitalismus…

Et ass dann och de Wirtschaftsrot, deen a sengem Rapport dem Premierminister virschléit, de rekreative Cannabis ze legaliséieren. Et géif dem Staatshaushalt entgéint kommen, an d‘Auteure vum Rapport estiméieren en Apport u Steieren an Héicht vu ronn 2,8 Milliarden Euro, géif ee sech entscheeden eng „Filière Cannabis“ anzeriichten. Zudeem géif dat 80.000 Aarbechtsplaze schafen.

Cannabis

De Wirtschaftsrot baséiert sech bei senger Berechnung op e Staatsmonopol (eigentlech verbueden) bei der Produktioun an der Distributioun a geet vun engem Verkafspräis an Héicht 9 Euro/Gramm aus. Fir net mat der EU-Kommissioun (wéinst dem Monopol) a Konflikt ze geroden, soll de Staat den administrative Kader stellen an un d‘Hiersteller wéi d‘Verkeefer, Lizenze verginn.

Nieft de Steieren déi de Staat erakritt, géif d‘Legaliséierung vum Cannabis och nach derzou bäidroe vill Steieren ze spueren. D‘Auteure schwätzen an dësem Kontext vun de „sozial-Käschten“ déi de Cannabis „produzéiert“. Si ginn do ze bedenken, datt Police an/oder Justiz iwwert eng Millioun „Aarbechtsstonnen“ opwanne mussen. Dat sollt mat 900 Milliounen Euro beziffert ginn…

Da léiwer d‘Illegalitéit ënnerstëtzen

No der Verëffentlechung vum Rapport, hunn sech déi franséisch Transportministesch, Elisabeth Borne (58) an d‘Gesondheetsministesch, Agnès Buzyn zu Wuert gemellt. Fir déi éischt kënnt eng Legaliséierung net an d‘Tut an déi zweet gesäit beschtefalls e medezineschen Asaz als méiglech. Et soll also un der Repressioun festgehale ginn, wat de Brigangen natierlech ganz rechtens ass.

An et geet hei ëm richteg vill Geld. Wann 2,8 Milliarde Steieren eleng beim Verkaf ufalen, sollten och Lounsteier an alles wat bei Produktioun/Verkaf ufält berechent ginn. Experte schätzen, datt de Marché vum lëschtege Kraut, tëscht 50 a 75 Milliarden Euro/Joer am Hexagon ausmécht. Goss deen net besteiert gëtt an de facto och net zum wirtschaftlechen Opschwong bäidréit.

Wann een also agesäit, datt trotz Verbuet a Repressioun awer relax weider gekifft gëtt, d‘Geriichter scho kee Bock méi hunn wéinst engem Joint ze uerteelen, an et politesch Acteure gëtt, déi et géife begréissen, wann hei eng propper Léisung – juristesch an ekonomesch – kéint entstoen, dann dierf ee behaapten, datt d‘Géigner vun der Legaliséierung vum kriminelle Geschäft profitéieren.

mat indymedia/par/mrs/lil

Foto: Eugenio Cuppone/Pixabay

Related topics Agnès Buzyn, Cannabis, Elizabeth Borne, Frankräich, Legaliséierung
Next post Previous post