Search

You may also like

Eng Molstonn op Lëtzebuergesch
International Neiegkeeten

Eng Molstonn op Lëtzebuergesch

Wéi geet et der Lëtzebuerger Sprooch? Dat ass eng vun

Eng virtuell Foire Agricole 2020?
International Neiegkeeten

Eng virtuell Foire Agricole 2020?

Duerch d’Entwécklung vun der Covid-19-Pandemie gesäit d’Stad Ettelbréck als Organisateur

Editorial: Dir bréngt mech a Verleeënheet
International Neiegkeeten

Editorial: Dir bréngt mech a Verleeënheet

Ech wëll meng al Regierung zréck, déi war gutt… si

Rock‘n Roll zu Cape Canaveral

No bal néng Joer Abstinenz starten endlech nees Astronaute vum amerikaneschem Buedem

Rock‘n Roll zu Cape Canaveral

E Samschdeg sinn zu Cape Canaveral (Florida) – mat eppes Retard – d‘Astronaute Robert Behnken an Douglas Hurley, mat enger Rakéit vum Typ Falcon9 a Richtung international Raumstatioun ISS geschéckt ginn. Et ass den 1. bemannte Fluch zanter laangem deen d‘NASA mat SpaceX operéiert.

An engem kuerzen Tweet huet d‘NASA der ganzer Welt matgedeelt: „Mir sinn ofgehuewen. Et ass Geschicht geschriwwe ginn“. E Fakt, bezunn op de Fait, datt et déi éischte Kéier an der Geschicht vun der NASA an den USA ass, datt eng „Privatfirma“ Astronauten op d‘ISS befërdert. Haut wëllen d‘Astronauten hir Weltraumkapsel „Crew Dragon“ un der internationaler Raumstatioun undocken.

Eigentlech sollten de Robert Behnken an den Douglas Hurley schonn do uewe sinn, mee d‘Wieder hat de Start verzögert. Dëse Start, deen ënnert dem Slogan „Launch America“ duerchgefouert ginn ass, war mat Spannung erwaart ginn. Et dierft dem Elon Musk, mee besonnesch senge Leit bei SpaceX wichteg gewiescht sinn, well streng geholl, ass et dee leschten Test fir d‘Crew Dragon.

CanaveralBis heihinner huet SpaceX ëmmer nëmme Fracht un d‘ISS „geliwwert“, a wa sech den Asaz vun der neier Weltraumkapsel bewäert, an dovunner ass den Ament auszegoen, kéint et nees méi Flich mat Astronauten ab der Weltraumgar vun der NASA ginn. Bei esou „Aktiounen“ sinn Zuschauer zougelooss, mee wéinst der Covid19-Pandemie war dat dës Kéier leider nëmme begrenzt méiglech.

De leschte bemannte Fluch hat et am Summer 2011 ginn, deemools nach mat der Raumnavette (Spaceshuttle) „Atlantis“. No dësem leschten operativen Asaz vun engem Spaceshuttle, huet d‘NASA aus Käschtegrënn de Programm ugehalen. Zanterhier waren d‘USA op d‘Russen ugewise fir d‘ISS ze erreechen. 80 Milliounen Euro huet do ee Fluch kascht an den Image huet gelidden.

CanaveralSi – also d‘NASA – wollten et nees an den eegenen Hänn hunn, an et gouf vill un Alternative gedoktert. An eigentlech hätt et 2017 scho kënne lassgoen, mee wéinst technesche Problemer, feelende Finanzen an enger vum Donald Trump operluechten Ëmstrukturéierung, gouf alles verzögert. Elo hu se et gepackt an et wier gutt, wann déi 2 Astronauten nees gesond heemkéimen.

mat indymedia/mia

Foto: © NASA

Related topics Cape Canaveral, Crew Dragon, Douglas Hurley, Falcon9, ISS, NASA, Robert Behnken, SpaceX
Next post Previous post