Search

You may also like

Fréiere President Giscard d‘Estaing verstuerwen
International Neiegkeeten

Fréiere President Giscard d‘Estaing verstuerwen

Den Zentrumspolitiker war President vu Frankräich vun 1974 bis 1981.

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht
International Neiegkeeten

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht

Am Kontext vun enger sécherlech schwiereger Situatioun an eise Gewässer

LLJ Christmas Tour: Mam dekoréierten Trakter bis op Veianen
International Neiegkeeten

LLJ Christmas Tour: Mam dekoréierten Trakter bis op Veianen

Datt d’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) wärend

Somalia vu sanitärer Kris betraff

CARE rifft zu Spenden op

Somalia vu sanitärer Kris betraff

10 Joer no der Hongersnout a Somalia, steet d’Land erëm virun enger Kris, laut enger Etude vun der Organisatioun CARE ass d’Land op en Neits a grousser Nout. Am stäerkste betraff si Fraen a jonk Meedercher. Si gehéieren zu deene Persounen, déi vun der Hongersnout am schlëmmste betraff sinn.

D’Fortschrëtter aus de leschte Jore kéinte bei dëser Kris verluer goen

“De Covid19 huet d’Fraen net nëmme gezwonge méi fir d’Bedierfnesser vun hire Familljen ze maachen, ma och d‘Dréchent huet dozou gefouert, datt vill Meedercher d’Schoul ofgebrach hunn. Dofir biede mir Iech d’Ënnerstëtzung ze erhéijen. Esou kënne lokal Organisatiounen hier Situatioun verbesseren an déi noutwenneg Hëllef besser ubidden”, erkläert den Iman Abdullahi, Direkter vu CARE Somalia.

D’Etüden, déi a fënnef verschiddene Verwaltungsregioune vu Somalia stattfonnt huet, weist datt wärend dem zweete Quartal vun dësem Joer 77,5 Prozent vun de Gemengen, déi aktuell Dréchent als déi Stäerkst bezeechent hunn. Et ass déi gréissten Erausfuerderung, mat där d’Land nieft der sanitärer Gesondheetskris ze kämpfen huet.

De Frédéric Haupert vu CARE Lëtzebuerg erkläert sengersäits, datt d’Organisatioun schonn am Februar virun der kommender Dréchent gewarnt huet. Elo sinn se iwwert d’Lag a Somalia besuergt, Onsécherheeten, Liewensmëttelmanktem an Ënnerernierung sinn Deel vun engem gréissere Problem. Dozou gehéiert ënnert anerem déi global Äerderwiermung a sozioekologesch Folge vum Covid19.

Wéi scho gesot, betreffen dës virun allem Fraen a jonk Meedercher. Déi schwéier Waasserknappheet an ënnerschiddlechen Deeler vum Land huet zur Folleg, datt jonk Meedercher d’Schoul ofbriechen a wäit zu Fouss mussen trëppelen, fir iwwerhaapt Waasser ze fannen. Fir weider Moossname feelen déi finanziell Mëttel, an deem Fall mussen Entscheedunge getraff ginn.

Hautdesdaags ass déi international Solidaritéit um niddregste Stand zanter 6 Joer. Dat reegt zum Nodenken un …

A genee dofir warnt d’UN, datt den Honger weider zouhuele wäert, wa sech net international mobiliséiert gëtt. Millioune vu Mënsche wäerten déi dréngend Ënnerstëtzung net kréien, dorënner sinn och Kanner. Dës mussen op medezinesch a psychologesch Ënnersichunge verzichten, déi duerch Vergewaltegungen an aner Forme vu Gewalt entstinn. Et muss gehandelt ginn, sou vill ass sécher. An dat sou séier wéi méiglech!

D’Hëllefsorganisatioun CARE, gouf 1945 gegrënnt an ass zanter Joren a Somalia täteg. Si verfüügt iwwer méi wéi 7 Joerzéngten un Erfarung an hëlleft bei Katastrophen an aneren Noutsituatiounen. Dobäi engagéiere si sech staark dofir d’Ernierung vu schwangere Fraen an Neigebuerenen ze verbesseren. Fir déi humanitär Hëllef weider ze garantéieren, hofft CARE op Ënnerstëtzung a rifft zu Spenden op.

Weider Informatioune fannt Dir op www.care.lu.

Illustratioun: © Rod Long / unsplash

Related topics CARE Lëtzebuerg Asbl, Hëllef, Hongersnout, Somalia, Spenden
Next post Previous post