Search

You may also like

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?
Neiegkeeten

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?

Déi spektakulär Verhaftung vum Kim Dotcom am Joer 2012 soll

Katalounien: Generalstreik a masseg Protest géint de Separatisteprozess
Neiegkeeten

Katalounien: Generalstreik a masseg Protest géint de Separatisteprozess

Zu Madrid kréien 12 Separatisteleader de Prozess gemaach. D‘Roserei vun

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees
Neiegkeeten

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees

Gutt datt ech mech schonn eng kéier mam Beholl vum

Cargolux bréngt 3000 Joer chinesesch Kultur an de Grand-Duché

Cargolux bréngt 3000 Joer chinesesch Kultur an de Grand-Duché

Am Kontext vun engem kulturellen Austauschofkommes tëschent dem Henan Museum a China an dem Lëtzebuerger Musée National d’Histoire et d’Art (MNHA), huet Cargolux historesch Artefakte vun immensem Wäert vun Zhengzhou op Lëtzebuerg bruecht. Ganzer 3 Tonne Géigestänn mat 145 kulturellen Objeten si virsiichteg mam Fluch CV975 transportéiert ginn. Fréi um Mueren ass de Fliger no engem zéng Stonne Fluch an eisem Land ukomm.

D’Kollektioun wäert, als Deel vun der Ausstellung „D’Wuerzele vun der chinesescher Zivilisatioun: Archeologesch Schätz vun Henan“, am MNHA presentéiert ginn. D’Géigestänn ginn engem eng Iwwersicht vun 3000 Joer chineseschem Kulturierwen. Souguer ganz fréi Exemplare vu Behälter aus der chinesescher Bronzezäit mat Ornamenter vun de Xia an der Shang Dynastie kann een hei bewonneren.

„Cargolux gouf ausgezeechent fir d’Vertrauen am Transport vun esou wichtege wäertvolle Wueren. Eist Expertenteam, déi sech gutt mam Transport vu sensibele kostbare Géigestänn auskennen, hu sech akribesch op dëse Schrëtt virbereet fir ee glaten Transport ze garantéieren“, sou de Richard Forson, Cargolux Preident an Chief Executive Officer.

D’Airline huet schonn tatsächlech eng laang Geschicht am Transport vu kulturell wäertvollen Objeten a sensibeler Konscht. Cargolux zielt eng Rei u Partner u kulturellen Institutiounen a Muséeë. „Mir si stolz iwwert eis Expertise am Ëmgang mat delikate Géigestänn a freeën eis weiderhin d’Kultur an d’Konscht ze ënnerstëtzen“, ergänzt den Här Forson.

Den Transport vun zerbriechlecher Konscht an alen Artefakte freet eng gewësse Virsiicht a méint laang Preparatioun, Koordinatioun a Plangen. Heibäi muss net nëmmen op d’Verpackung opgepasst ginn, mee och op d’Handhabung, souwuel um Buedem, wéi och an der Loft. Dës éiergäizeg Initiative soll nächst Joer viru gefouert ginn, wann d’Ausstellung nees zeréck a China geet.

Zu Cargolux Airlines Internationale

Cargolux, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, ass eng féierend cargo Airling aus Europa mat modernen an effiziente Fligere vum Typ Boeing 747-8 an Boeing 747-400. D’Netz vu Cargolux deckt 75 Destinatiounen an huet méi wéi 85 Büroen a 50 verschiddene Länner.

Related topics Asien, Ausstellung, Cargolux, China, Geschicht¨, Henan Musée, Kultur, MNHA
Next post Previous post