Search

You may also like

money
Editorial: Weiderverwäertung vu Ministeren
Neiegkeeten

Editorial: Weiderverwäertung vu Ministeren

Wat ass et nees ee Gedauschs. Kaum datt déi russesch

Lëtzebuerger Kannernouthëllef: Elo bedierfteg Famille weltwäit viru Corona schützen
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Kannernouthëllef: Elo bedierfteg Famille weltwäit viru Corona schützen

Weltwäit fäerte Famillen elo ëm hir Existenz, hiert Akommes an

Avis fir de Public: D‘Police mécht d‘Büroen dicht
Neiegkeeten

Avis fir de Public: D‘Police mécht d‘Büroen dicht

Ugesiichts der aktueller Situatioun am Kontext vun der Coronavirus Epidemie

Cargolux elo mat méi Flich op Xiamen

Cargolux elo mat méi Flich op Xiamen

Cargolux, déi gréissten Transport-Fluchgesellschaft an Europa, flitt zanter dem 1. Juli 2019 dräimol an der Woch op Xiamen (China), dëst opgrond erhéichter Nofro.

Den neie Service mam Numm CV9721 huet all Méindegmoien um 8:10 säi Start zu Lëtzebuerg a kënnt dann Dënschdes um 4:40 zu Xiamen un. Beim Réckfluch, CV9731, ass geplangt Xiamen um 6.15 Richtung Los Angeles ze verloossen an iwwert d’Staaten zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, wou d’Landung och fir 6:15 ugesat ass. Bei de genannten Auerzäiten handelt et sech jeeweils ëm d’Lokalzäiten.

Cargolux ass zanter 2006 mat zwee wëchentleche Flich zu Xiamen aktiv, dat jeeweils mat engem Depart um Mëttwoch an um Freideg vu Lëtzebuerg aus a mat der Landung dann en Donneschdeg, respektiv e Samschdeg an der chinesescher Stad.

Dësen zousätzleche Service tëscht China an den USA ënnermauert der Cargolux hir staark Positioun a China an op transpazifeschen Handelsweeër. Déi erhéichte Fluchfrequenz stellt déi eenzeg direkt Frachterverbindung tëscht Xiamen an den USA bereet, wat nach emol der Cargolux hir ëmfangräich Offer bekräftegt.

Cargolux Xiamen

© Cargolux

Déi meescht importéiert Gidder vun Europa op Xiamen sinn éischter klassescher Natur, grad sou wéi Ersatzdeeler an Deeler vun elektreschen Hallefleeder. Déi nei Fluchfrequenz erlaabt et op der anerer Säit, méi Kleeder an elektronesch Geräter vu Xiamen op Los Angeles ze liwweren.

Mat hirem Flottepark vu Boeing 747-Frachter, déi een all un der “Schnuff” opmaache kann, huet Cargolux d’Méiglechkeet fir eng Villzuel u Wueren iwwer sämtlech Handelsweeër ze droen. Der Fluchgesellschaft hire Portfolio mat hiren zougeschneiderten Transportléisungen, grad sou wéi hir Equipe un Experten, garantéieren déi héich Standarden, déi d’Clienten u si erundroen. Cargolux ass weltwäit déi éischt GDP-zertifiéiert Fluchgesellschaft, grad sou wéi déi éischt mam Label “Lean & Green” – zwou Auszeechnungen, déi dat besonnescht Engagement vun der Fluchgesellschaft erëmginn.

Matgedeelt vun der Cargolux, fräi aus dem Engleschen iwwersat vum Melvin Hatto.

Opmaacherfoto: © Cargolux

Related topics Boeing, Boeing 747, Cargolux, Transport, Xiamen
Next post Previous post