Search

You may also like

Op en neits 55 Mënsche viru libescher Küst „gerett“
Neiegkeeten

Op en neits 55 Mënsche viru libescher Küst „gerett“

D‘ONG „Proactiva Open Arms“ huet gëschter matgedeelt, datt hiert Schëff

Wirtschaft iwwert Gesondheet: De Kampf géint d’Ëmweltkrankheeten
Neiegkeeten

Wirtschaft iwwert Gesondheet: De Kampf géint d’Ëmweltkrankheeten

Sief et Doheem, op der Aarbecht oder och dobaussen, am

surprise
Ee Beruffsverband a Suerg (Analys)
Neiegkeeten

Ee Beruffsverband a Suerg (Analys)

Am Kontext vum Gesetzprojet 7631, betreffend d‘Pressehëllef, huet et scho

Cargolux: eng nei transpazifesch Verbindung

Cargolux: eng nei transpazifesch Verbindung

Cargolux freet sech matdeelen ze dierfen, datt si elo och een transpazifesche Service tëschent Hong Kong (HKG) a Mexiko City (MEX) ubidden. D’Flich sinn zwee Mol d’Woch geplangt, sou datt de Fliger Samschdes a Méindes zu Hong Kong fortflitt, fir Sonndes an Dënschdes zu Mexiko City unzekommen.

Den 10 Dezember ass déi éischt Maschinn fir dëse Wee, mat 120 Tonne Fracht, gestart. Dobäi huet dësen Aweiungs-Fluch déi verschiddenst Objeten transportéiert, sou wéi beispillsweis Kleedung, Handyen an déi dozou passend Accessoiren, sou wéi och elektronesch Geräter.

Fir de Kevin Shek, Fize-President vu Cargolux Asien an de Pazifik, ass déi nei Verbindung eng groussaarteg Entwécklung, net nëmme fir Cargolux selwer, mee och fir d’Regiounen, déi esou beliwwert ginn. „Mir si frou eng weider transpazifesch Verbindung vun Hong Kong aus bidden ze kennen. D’Ekonomie vu Mexiko wiisst enorm schnell. Wa si direkt vun Ost-Asien aus beliwwert ginn, kënnen d’Gidder méi schnell an effizient ausgetosch ginn“.

Den neien Service gliddert sech an d’Lëscht un transpazifesche Flich vun Hong Kong an. Cargolux organiséiert schonn eng Rei Flich am Westen mat sechs Nordamerikaneschen Destinatiounen: Chicago, Dallas, Los Angeles, Miami, New York a Rickenbacker.

Foto: © Cargolux

Related topics Cargolux, Hong Kong, Kevin Shek, Mexiko, Transpazifik
Next post Previous post