Wann de Vollert d’Tramsschinne méi genee kucke wëll
Wéi d’Police matdeelt ass et an de leschten zwee Deeg
Wéi d’Police matdeelt ass et an de leschten zwee Deeg
Wéi all Joer annoncéiert d’Ouschterfest nees den traditionelle Mart vun
Den Ausnamezoustand, deen an der Tierkei nom Putsch vum Juli
De Vol CV7302 Lëtzebuerg-Singapur mat der Registréierung LX-VCK huet en Dënschdeg iwwert de belschen Ardenne Fligerbensin „ofgelueden“, iert de Pilot de Fliger, ee Boeing 747-800 Frachter nees zréck op Lëtzebuerg geflunn huet.
Bei dësem Virgank, deen am Jargon vun der Fligerei als „Entgasung“ (Fuel Dump) beschriwwe gëtt, handelt et sech em eng gängeg Prozedur, déi muss ugewannt ginn, wann e Fliger, dee kuerz nom Start een technesche Problem erkennt a nees op säi Start-Fluchhafen zréck muss. D‘Cargolux huet der Virfall bestätegt, an erkläert, datt dës Prozedur aus Sécherheetsgrënn virgeschriwwen ass.
Et geet grondsätzlech drëms ze verhënneren, datt de Frachtfliger mat ze vill Gewiicht versicht ze landen, wat – wann en technesche Problem besteet – jo och séier zu enger Katastroph féiere kéint. D‘Entreprise huet och confirméiert, datt den LX-VCK ronn eng Stonn laang iwwert dem Himmel vu Florenville gekreest ass, mee zu kengem Ament eng Gefor fir d‘Bierger an der Regioun bestanen huet. Bei dëser Aktioun léist sech de Kerosin a mikroskopesch Drëpsen op, a bis zu 90% vum Kerosin „verdämpt“ iert et de Buedem erreecht.
Vun der Cargolux gouf zudeem bestätegt, datt den technesche Problem um Fliger behuewe ginn ass an dësen nees an den Asaz konnt geschéckt ginn. Op dëser Plaz ass et wichteg nach emol drun ze erënneren, datt d‘Cargolux eng vun de beschte Maintenance-Ekippen – bezunn op dëse Fliger-Typ – huet a weltwäit iwwert eng ganz Renommée verfüügt. Et ass sécher keen alldeeglechen Incident, mee et huet zu engem Moment eng Gefor bestanen.
Foto: De Cargolux-Fliger LX-VCA – hei en Archivbild vum 19. Mäerz 2017 – huet iwwert den belschen Ardenne Fligerbensin ofgelueden. (這是 – wikipedia commons – cco 1.0 – public domain)