Search

You may also like

E puer Andréck vum Salon du CAL 2020
Money Neiegkeeten WTF

E puer Andréck vum Salon du CAL 2020

Nach bis den 22. November 2020 ginn am Tramsschapp um

Italienesch Regierungskris hält sech
Money Neiegkeeten WTF

Italienesch Regierungskris hält sech

Datt de parteilosen italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte matten an der

Fairtrade Lëtzebuerg: Fir Transparenz bei Firmen, déi mat Konfliktmineralie schaffen
Money Neiegkeeten WTF

Fairtrade Lëtzebuerg: Fir Transparenz bei Firmen, déi mat Konfliktmineralie schaffen

Wéi Fairtrade Lëtzebuerg matdeelt solle verschidde Memberstaaten d’EU-Reglementatioun zur responsabeler

moneysurprise

Cargolux: De Grondstee fir dat neit Haaptquartéier ass geluecht

Cargolux: De Grondstee fir dat neit Haaptquartéier ass geluecht

Et ass eng vun de gréisste Frachtfluchgesellschaften op der Welt an hei zu Lëtzebuerg ass si doheem. Riets ass natierlech vun der Cargolux, eng vun eise schéinste Visittekaarten op wirtschaftlechen Niveau. Fir datt et och esou bleift, kritt d‘Cargolux vu LuxAirport e fusch neit Haaptquartéier opgeriicht.

Dat neit Gebai, datt direkt beim Hangar a nieft dem Restaurant opgeriicht gëtt, soll dann zukünfteg dat ganz administratiivt Personal op enger Plaz vereenegen. Als positiven Nieweneffekt muss ee bemierken, datt d‘Cargolux dann och integral op dem Terrain vun de Gemeng Sandweiler ënnerbruecht ass. Doriwwer huet sech dann och d‘Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz erfreet gewisen.

Am Gebai, mat enger Fläch vun 28.000 m², sollen en ronn 400 Mataarbechter ënnerbruecht ginn. D‘Konzentratioun vun de Mataarbechter op enger Plaz, statt wéi bis ewell op verschidde Standuerter, soll d‘Aarbecht dann insgesamt vereinfachen. De Formatiounszenter an Fluchsimulatore kommen och op de neie Site.

Operativ sinn soll dat neit Haaptquartéier géint Enn 2019. Iwwert de Präis vun de Baukäschte war bei um Freideg näischt gewuer ze ginn. Mee de Proprietär LuxAirport, vertrueden duerch de Johan Venneste betount, datt de Bau vum Cargolux-Haaptquartéier sech an déi nei ekonomesch Strategie vum Fluchhafen afüügt.

Cargolux

Maquette vum neie Cargolux-Haaptquartéier © Martine de Lagardère/moien.lu

Et gëtt geziilt op déi zukünfteg Airport-City hi geschafft. Mam Gebai fir d‘Cargolux gëtt den éischte Schratt gemaach. Mam weideren Ausbau vum Fluchhafen, soll och d‘verloune vun Immobilien de Standuert wirtschaftlech ofsécheren.

D‘Airport-City kann awer net integral um Terrain vun der Gemeng Sandweiler ënnerkommen. Déi ganz Ëmgéigend vum Terminal gëtt hei genotzt. U Bürosraim, Raimlechkeete fir Déngschtleeschtungsgesellschaften an eng Parkplaz fir 1.200 Autoe gëtt geschafft. Zudeem soll och nach en Hotel mat 220 Zëmmer bei de Fluchhafe kommen.

De gesamte Projet, esou de Wonsch vum Johan Vanneste, soll bis 2026 ofgeschloss sinn. Eenzeg d‘Luxair wäert wuel net Locataire bei LuxAirport ginn. Déi huet sech hire neien Haaptsëtz zu Mënsbech installéiert.

Ganz zefridden och den CEO vun der Cargolux, Richard Forson, deem de Projet um Häerz läit. Hie begréisst déi gutt Zesummenaarbecht esouwuel mat der Gemeng Sandweiler, déi beméit war d‘Autorisatioune schnell auszestellen, ewéi och mat LuxAirport, déi als zouverlässege Partner fir d‘Evolutioun vun der Cargolux eng grouss Roll spillt.

Foto: (v.l.n.r.) Johan Vanneste, Ceo LuxAirport; Simone Massard-Stitz, Buergermeeschtesch Sandweiler; Richard Forson, CEO Cargolux © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Cargolux, LuxAirport, Sandweiler
Next post Previous post