What the Fakt – d’Fanta Véier an hiren éischte Spillschoul-Concert
Den däitschsproochegen Hip Hop Grupp ëm den Thomas D., Michi
De neiste Video vum Kanal Kurzgesagt beschäftegt sech mam Thema
D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt am Kader vum Reamenagement vum Pont
D’Cargolux, de Cargozenter an CFL Multimodal spillen eng aussergewéinlech a bedeitend Roll an der Cellule Logistique. Vum Liwweren iwwert den Transport, bis hin zum Stock vu Material maachen d’Mataarbechter et méiglech, datt et eis un näischt feelt. Ouni hir Professionalitéit, Ënnerstëtzung an hir Demarche fir Material ze bestellen géifen zu Lëtzebuerg wuel desastréis Zoustänn herrschen.
Zënter Mëtt Mäerz ass Cargolux mat enger däitlecher Hausse un Demande konfrontéiert. De Fluchhafen, dee Lëtzebuerg mat China verbënnt, garantéiert d’Liwwerung vun 768 Tonne medezineschem Material fir de Groussherzogtum. Dës Zuel entsprécht 10 Cargo-Maschinnen vum Typ Boeing 747.
Donieft flitt d’Cargolux ganz Europa, wéi och déi Vereenegt Staaten un, fir esou den Transport vu Material a Krisenzäiten méiglech ze maachen. Bei hire reguläre Reseau kënnt eng grouss Zuel vun Charter-Flich dobäi. Dat weltwäit Netzwierk versuergt direkt e puer Kontinenter mat allem Essentiellem.
CFL Multimodal beméit sech national am Kampf géint de Covid-19. Si erméiglechen den Transport an de Stock vu medezinneschem Material. D’Societéit huet spezialiséiert Personal an der Logistik lassgeléist, fir esou an der Krisenzell vum Staat an der logistescher Ekipp matzewierken.
Ëm 2.000 Paletten befanne sech am Depot vun CFL Multimodal um Eurohub Sud. Op der enger Säit këmmere sech Semi-Remorquen ëm de Wee tëscht dem Fluchhafen an dem CFL-Depot, soubal e Fliger ukënnt. Op der anerer Säit fënnt ee méi kleng Träger, déi d’Versuergung vun de Fleegezentren mat Masken, Händschen an anerem Schutzmaterial garantéieren.
Bis zu 20 Persounen kënnen all Dag, jee no Besoin, mobiliséiert ginn. De Minister Bausch weist sech iwweraus houfreg iwwert dëse Beitrag fir de Groussherzogtum.
Uewen fannt Dir eng dozou passend Biller-Galerie © MMTP