Search

You may also like

Chantier um Echangeur Hamm un dësem Weekend
Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Hamm un dësem Weekend

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt ab Samschdes, de 15. Februar géint

Schwéiert Accident zu Mexiko-City
Neiegkeeten

Schwéiert Accident zu Mexiko-City

Nodeems eng Iwwerféierung vun der Metro an der mexikanescher Haaptstad

dislike
Quiz: Wéi gutt kennt dir d’lëtzebuergesch Filmindustrie?
Neiegkeeten

Quiz: Wéi gutt kennt dir d’lëtzebuergesch Filmindustrie?

[onionbuzz quiz-id=16][/onionbuzz]

50 Joer Cargolux: Visitt um neie Sëtz zu Sandweiler

S.A.R. de Groussherzog an de François Bausch, Vize Premier a Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, hu viru kuerzem den neie Sëtz vu Cargolux besicht. Dësen ass zu Sandweiler ze fannen.

D’Aweiung vum neie Gebai war nawell eppes Besonnesches: D’Entreprise huet am vergaangene Joer seng 50 Joer gefeiert. Zil vun dëser Vergréisserung, déi 2017 hiren Ufank geholl huet, ass d’Zesummenaarbecht tëscht den Ekippen ze vereinfachen, wouduerch dann elo och d’Salariée vun 3 Sitten ënnert engem Daach regroupéiert sinn.

Am Kader vum Éierebesuch hunn d’Vertrieder vu Cargolux d’Méiglechkeet genotzt, fir op ënnerschiddlech Beräicher opmierksam ze maachen, déi fir en uerdentlechen Oflaf vun der lëtzebuergescher Fluchgesellschaft vu Bedeitung sinn. Zemools den Hangar fir d’Maintenance stoung bei der Visitt am Fokus – et kënnen zwee grouss Fligeren ënnergestallt ginn.

Weider goung et an den neie Raimlechkeeten, wou ënnert anerem e Kontrollzentrum seng Plaz fonnt huet. Dës Ariichtung suergt fir eng permanent Iwwerwaachung vun der Flott. Am Gebai sinn och Fluchsimulatoren ze fannen, essentiell fir d’Pilotenausbildung. Duerch d’Apparater kënne si un hire Fäegkeete schaffen a besser op d’Realitéit virbereet ginn. Ganz virwëtzeg huet de Groussherzog u Bord vun engem Simulator Plaz geholl an d’Technik op sech wierke gelooss.

Zum Schluss vun der Visitt gouf et nach eng Gespréichsronn déi sech ronderëm d’Pandemie gedréint huet. Riets war ënnert anerem iwwert d’Auswierkunge vun der Gesamtorganisatioun vun der Entreprise, sou wéi iwwert d’Koordinéierung vun den Transporter. Tëscht Mäerz a Mee 2020 goufe medezinesch noutwenneg Materialie vun der Cargolux ageflunn.

A sou wéi et soll sinn, huet de Groussherzog de Kuch fir dëse grousse Jubiläum ugeschnidden.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie © Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Related topics Cargolux, Fluchsimulator, Francois Bausch, Hangar, Pilot, S.A.R. de Groussherzog Henri, Sandweiler, Visitt
Next post Previous post