Search

You may also like

Geopoliteschen Dissens an der Chamber
Neiegkeeten

Geopoliteschen Dissens an der Chamber

Um Mëttwoch hat den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) an der

Weess du a wéi enge Gemengen des Uertschafte leien?
Neiegkeeten

Weess du a wéi enge Gemengen des Uertschafte leien?

[onionbuzz quiz-id=29][/onionbuzz] Lëtzebuerg ass zwar kleng, mee dat heescht nach

Fridays for Future: Den digitale Protest
Neiegkeeten

Fridays for Future: Den digitale Protest

Freides ass virun der Covid19-Pandemie op der ganzer Welt fir

Alles am Bléck: Zu Besuch am Cargozenter

Jo, mir si spéit un, an awer: Um vergaangene Freideg hunn de François Bausch, Vize-Premier a Verdeedegungsminister an d’Paulette Lenert, Gesondheetsministesch, zesummen de Cargozenter zu Lëtzebuerg besicht. Equipéiert mat Mondschutz konnt ee sech esou bei der gréisster Fluchgesellschaft fir Fruechten a ganz Europa d’Distributioun vun dem medezineschen a pharmazeuteschem Material ukucken.

Wärend all Passagéierflich agestallt gi sinn, suergt de Cargozenter dofir, datt et net u Material feele soll. Nodeems béid Ministeren Erklärungen zum Fonctionnement vum Cargozenter kritt hunn, konnte si och déi rezentst Liwwerungen am Kontext vun der Pandemie inspizéieren.

Ee grousse Merci hirersäits ass un all d’Mataarbechter am Cargozenter gaangen, déi duerch hir Aarbecht een wichtegen Deel am Kampf géint de Covid-19 bäidroen. Déi verschidden Acteuren – d’Lëtzebuerger Arméi, d’Cargolux, d’CFL, de Luxair Group, de Luxport, de Luxairport an d’WSA – leeschten eng virbildlech Aarbecht, déi essentiell ass, fir de Virus ze bekämpfen

Related topics Cargolux, Cargozenter, Coronavirus, Covid-19, François Bausch, Luxair, Paulette Lenert, Transport, WSA
Next post Previous post