Search

You may also like

D’Surface vun der Sonn – Esou no koum een nach ni!
Neiegkeeten

D’Surface vun der Sonn – Esou no koum een nach ni!

Just kucken, net upaken – Ma dat sollt ee bei

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise
Neiegkeeten

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise

Fir datt no der Beendegung vum Etat de Kris net

Neistart Lëtzebuerg: Dat gëtt net bëlleg
Neiegkeeten

Neistart Lëtzebuerg: Dat gëtt net bëlleg

E Mëttwoch haten d‘Ministere Pierre Gramegna (Finanzen), Dan Kersch (Aarbecht)

D’Caritas Lëtzebuerg ass houfreg op hire Bilan 2020

D’Caritas Lëtzebuerg ass houfreg op hire Bilan 2020

Och d’Caritas Lëtzebuerg hat am vergaangene Joer duerch d’Pandemie mat schwéiere wirtschaftleche Folgen ze kämpfen. Zemools déi schutzbedierfteg Leit huet d’Kris getraff, woubäi d’Caritas selbstverständlech mat ënnerschiddlechen Offeren eng gréisstméiglech Ënnerstëtzung bidde wollt.

Noutsituatiounen erfuerdere Kreativitéit a Schnellegkeet, an esou war am leschte Joer net alles schlecht. D’Ekipp huet séier op d’Pandemie reagéiert, no Léisunge gesicht an dës och fonnt. All eenzele Projet konnt just duerch eng grouss Solidaritéit realiséiert ginn. Dësen Zesummenhalt huet Kraaft ginn.

Zu de Projete gehéiert ënnert anerem d’Ariichtung vun enger Hotline, en Hëllefsmëttel fir Leit déi duerch de Lockdown e finanziellen Enkpass haten. E weidere Projet war d’Versuergung vun den Obdachlosen, sou wéi d’Verdeelung vun Tablets, fir datt e mat senge Léifsten, Familljen a Frënn a Verbindung konnt bleiwen.

Jugendlecher konnten doduerch hier Schoul doheem weiderféieren. Dës weideren huet en Dagesfoyer sech an der Tëschenzäit ëm d’Kanner vum Caritas-Personal gekëmmert.

Wéi gesot, et war eng schwéier Zäit. Zemools wa wärend dem Lockdown Mannerjäreger aus engem Flüchtlingslager an e friemt Land kommen. D’Caritas Lëtzebuerg huet zu der schéiner Initiativ bäigedroen. Mëttlerweil wäerten déi nei lëtzebuergesch Awunner sech schonn e bëssen agelieft hunn.

Och international war d’Caritas Lëtzebuerg aktiv. Si hunn der Bevëlkerung an anere Länner gehollef sech virum Virus ze schützen. Et goufen Desinfektiounsapparater bereetgestallt, Informatiounscampagnen hunn zur Sensibiliséierung bäigedroen. Och wann et net einfach war, sou sinn awer ënnerschiddlech Entwécklungsprojete weidergefouert ginn, d’Bevëlkerung huet se gebraucht.

An dat ass nach net alles, de komplette Bilan kënnt Dir op www.caritas.lu noliesen.

Related topics Bilan 2020, Caritas Lëtzebuerg, Dagesfoyer, Flüchtlingen, Hëllefsmëttel, Informatioun, Kontakt, Mannerjäreg, Obdachlos, Pandemie, Sans-Abri, Sensibiliséierungscampagne
Next post Previous post