Search

You may also like

Wantervullenzielung: Beobachten, zielen a gewannen!
Neiegkeeten

Wantervullenzielung: Beobachten, zielen a gewannen!

Um leschte Weekend vum Januar invitéiert natur&ëmwelt nees Vullen ze

Wéinst Covid19-Mutatioun mussen d‘Britten an de Lockdown
Neiegkeeten

Wéinst Covid19-Mutatioun mussen d‘Britten an de Lockdown

Wärend de Brexit op en „No Deal“ zousteiert huet de

Rechtsstaatlechkeet gëtt kloer iwwerbewäert
Neiegkeeten

Rechtsstaatlechkeet gëtt kloer iwwerbewäert

Beim leschten EU-Sommet vun dësem Joer, hunn sech d‘Staats- a

Fir eng gerecht Impfcampagne: Sans-Abrie solle besseren Accès kréien

Fir eng gerecht Impfcampagne: Sans-Abrie solle besseren Accès kréien

D’Caritas Lëtzebuerg bezitt an engem Schreiwes Stellung zur nationaler Impfcampagne. Doranner begréissen si d’Gratuitéit a verstinn och, dass ee bei der Reiefolleg wie geimpft gëtt Prioritéite setze muss. Allerdéngs wier et wichteg och Persounen, déi a Prekaritéit liewen als besonnesch vulnerabel unzegesinn an hinnen den Accès op de Vaccin géint Covid-19 ze garantéieren.

Grad d’Sans-Abrien, sou wéi Persounen ouni Pabeiere weisen en héije Risiko op, sech mam Coronavirus unzestiechen. Si liewe seelen eleng a kënnen och just schwéier déi noutwenneg Virsiichtsmoossnamen ëmsetzen.

Géifen si elo Zougang zu den Impfunge kréien, ass et och wichteg anzegesinn, dass et fir déi concernéiert Persounen net grad evident ass, eng Invitatioun per Post ze kréien oder e Rendez-vous online ze huelen.

Aus dësem Grond fuerdert d’Caritas Lëtzebuerg e fairen Accès op d’Impfungen. „Et muss een de Vaccin géint d’Pandemie als ëffentlecht Recht ugesinn“, ënnersträicht den António Guterres, Sekretär vun de Vereenten Natiounen. Et soll fir jiddwereen, a grad fir déi Vulnerabelst, zougänglech gemaach ginn, fir an der Gemeinschaft zeréck an d’Normalitéit ze fannen an eng kollektiv Immunitéit erbäizeféieren.

Ënnert anerem mussen dofir d’Technike vun der Kommunikatioun, Informatioun an Aschreiwung ugepasst ginn. Wie kee feste Wunnsëtz huet, an och net onbedéngt mat der digitaler Welt vertraut ass, huet et schwéier eng Invitatioun unzehuelen an drop ze reagéieren. De Risiko besteet, dass déi concernéiert Persounen an den 2 Wochen net an ee vun den Impfzentre kommen.

D’Ongläichheeten dierfen net weider wuessen. Et braucht een den Engagement vun der Politik a verschidden Associatiounen, fir an dësem Fall ze handelen.

D’Prise de Position vun der Caritas Lëtzebuerg fannt Dir HEI.

Opmaacherfoto: Caritas Lëtzebuerg

Related topics Caritas Lëtzebuerg, gerecht Impfcampagne, Invitatioun, Prekaritéit, Prise de Position, Rendez-vous, Sans-Abri, zweet Phas
Next post Previous post