Search

You may also like

Eng Woch fir Sträichinstrumenter
International Neiegkeeten

Eng Woch fir Sträichinstrumenter

Eng ganz Woch laang stinn d‘Sträichinstrumenter am Conservatoire vun der

Editorial: Kornischongsparty gefälleg?
International Neiegkeeten

Editorial: Kornischongsparty gefälleg?

Dickpics – Fotoe vum Mann sengem beschte Stéck, an dat

Aktioun Zukunftsbrout: Qualitéit duerch Handaarbecht
International Neiegkeeten

Aktioun Zukunftsbrout: Qualitéit duerch Handaarbecht

Mam Projet ZUKUNFT SÉINEN! mécht d’Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg Asbl

Géint d’Mënscherechter: Zwangsaarbecht an onmënschlech Zoustänn fir d’Uiguren

Géint d’Mënscherechter: Zwangsaarbecht an onmënschlech Zoustänn fir d’Uiguren

D’Caritas Lëtzebuerg ass besuergt ëm déi uiguresch Minoritéit, déi am Oste vu China lieft. De Recherche vum Australian Strategic Policy Institute (ASPI) no, sollen 82 Marken aus dem Secteur vun den Automobiller, der Informatik, den Textilien an dem Online-Handel direkt oder indirekt duerch Zwangsaarbecht vun den Uigure profitéieren. Och zu Lëtzebuerg sinn dës Marken an/oder hir Produiten present.

Mam oppene Bréif mécht d’Caritas ënnert anerem op d’Mëssstänn zu Xinjian opmierksam. Déi chinesesch Regierung géif staark géint d’Mënscherechter verstoussen an domat déi turksproocheg Ethnie, déi säit iwwert engem Joerdausend an Zentralasien installéiert ass, an diverse Weisen ausbeuten.

Riets ass dobäi vun geziilte Morden, Zwangssterilisatioun oder organiséiertem a systemateschem Organhandel. Och d’Experte vun de Mënscherechter an de Vereenten Natiounen weise sech extrem beonrouegt, a bei den Zentren zur Reeducatioun géif et sech quasi ëm Prisongen handelen.

Am vergaangene Joer huet e Rapport gewisen, dass op mannst 80.000 Uiguren a chinesesch Fabricken verschleeft goufen, do ënnert konstanter Beobachtung schaffen, sou wéi eng „ideologesch Formatioun“ absolvéiere mussen, fir esou hir Relioun an hir Kultur ofzeleeën.

Als Reaktioun dorop hunn d’USA am Dezember 2020 den Import vu Kotteng an Tomaten aus der Regioun Xinjiang verbueden. Mol keng zwee Méint drop huet de briteschen Ausseminister Dominic Raab ënnerstrach, dass een déi moralesch Verflichtung hätt Moossnamen ze ergräifen, fir den Import an den Export, déi un Zwangsaarbecht vun Uigure gebonnen ass, ze verbidden.

Als Land, dat Kandidat fir de Rot vun de Mënscherechter vun de Vereenten Natioune fir 2022-2024 ass, wier et elo och u Lëtzebuerg Stellung ze bezéien. D’Bierger hunn e Recht dorop ze wëssen, ob si e Produit kafen, deen ënnert onmënschleche Konditiounen entstanen ass. „Et gëtt Zäit, dass Lëtzebuerg senge Wierder och Dote folge léisst“, sou d’Cartias.

Hiren oppene Bréif fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © The Blowup / Unsplash

Related topics Caritas, Mëssstänn, Minoritéit, Oppene Bréif, Organhandel, Prisong, Uiguren, Zwangsaarbecht, Zwangssterilisatioun
Next post Previous post