Search

You may also like

Männerwelten – Leider eng Dauerausstellung…
Neiegkeeten

Männerwelten – Leider eng Dauerausstellung…

Nodeems déi Joko Winterscheidt a Klaas Heufer-Umlauf, alle béid bekannt

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!
Neiegkeeten

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!

De Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer huet elo

Den Dan Kersch beim Lëtzebuerger Rout Kräiz
Neiegkeeten

Den Dan Kersch beim Lëtzebuerger Rout Kräiz

Haut de mueren huet de Minister fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial-

Hëllef fir d’Kanner am Südsudan – En Don fir d’Caritas Lëtzebuerg

Mat Hëllefsprojete fir Kanner am Südsudan wëll d’Caritas Lëtzebuerg déi dréngend noutwenneg Ënnerstëtzung fir e Land bidden, dat besonnesch ënnert Gewalt a feelender Stabilitéit leit. Méi wéi eng Millioun Kanner si vun akuter Ënnerernierung betraff, all zéngt Kand gëtt emol keng 5 Joer al. Déi alarméierend Situatioun verschlëmmert sech duerch d’Coronakris nach weider.

Mat engem substantielle Montant, deen déi ierfgroussherzoglech Koppel a Form vun engem Scheck un d’Caritas iwwerreecht huet, wëllen déi frësch gebaaken Elteren déi karitativ Associatioun ënnerstëtzen. Duerch d’Generositéit vun alle Persounen, déi ulässlech zur Gebuert vum Prënz Charles en Don gemaach hunn, konnt eng bedeitend Zomm zesummekommen.

An dësem Kader hunn de Prënz Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie de Sëtz vun der Caritas besicht an der Presidentin Marie-Josée Jacobs de Scheck iwwerreecht.

Billergalerie © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Related topics Caritas Lëtzebuerg, Don, Ënnerernierung, Fondatioun vum Groussherzog an der Groussherzogin, Ierfgroussherzogin Stephanie, Krich, Scheck, Südsudan
Next post Previous post