Search

You may also like

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vum 28. Juli bis den 9. August 2020
Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vum 28. Juli bis den 9. August 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

Déi 74. Weltgesondheetsversammlung huet an digitaler Form stattfonnt
Neiegkeeten

Déi 74. Weltgesondheetsversammlung huet an digitaler Form stattfonnt

De Mount Mee steet ënnert dem Zeeche vun der Gesondheet.

Nevermind: Nirvana-Puppelche klot un
Neiegkeeten

Nevermind: Nirvana-Puppelche klot un

D’Kultband Nirvana ass wuel jidderengem e Begrëff. Zemools den Album

No den Iwwerschwemmungen: Caritas rifft zu Spenden op

No den Iwwerschwemmungen: Caritas rifft zu Spenden op

No de schwéieren Iwwerschwemmungen ass d’Caritas mat de Gedanke bei den Affer, zemools bei de Mënschen déi uerg vum Héichwaasser getraff goufen an Ënnerstëtzung brauchen. Domat si besonnesch déi schutzbedierfteg Leit gemengt, déi och esou scho Problemer domat hunn, Enn dës Mounts iwwert d’Ronnen ze kommen.

Eng Katastroph,sou wéi d’Iwwerschwemmunge kënne si an Onsécherheet stierzen, verschiddener sinn dem Misär, deen se elo erëm getraff huet, eréischt vun der Schëpp gesprongen. Dat ass bei de Mënschen déi am Centre de l’Oseraie vun der Caritas ënnerbruecht waren de Fall.

Grad aus der Obdachlosegkeet eraus, hunn si missen nokucken, wéi d’Waasser hinnen op en Neits alles geholl huet. Am Centre de l’Oseraie hate si Stabilitéit, déi hinnen de weidere Wee erliichtert hätt. An elo wëssen si net wat den nächsten Dag bréngt. Wéi et weider geet …

Och de Gaardeprojet zu Koplescht, wou ongeféier 20 Leit de Wee an d’Aarbechtswelt zeréck fonnt hunn, ass vun den Iwwerschwemmungen an den Onsécherheete betraff. Déi geleeschten Aarbecht ass futti, fir en neie Versuch ass et dëst Joer ze spéit. All dës Mënsche brauchen Ënnerstëtzung.

Caritas Iwwerschwemmungen
Caritas Luxembourg / Facebook

Net nëmme finanziell, mee och moralesch. D’Caritas wëll beschtméiglechst hëllefen – an der Hoffnung, datt och dës Mënschen nees Hoffnung kréien, an esou een Auswee aus hire Problemer fannen.

Wann Dir Caritas bei dëse Pläng ënnerstëtze wéilt, géinge si sech iwwert e klengen Don freeën:
IBAN LU34 1111 0000 2020 0000 (CCPL) mam Vermierk ‘Soutien Caritas’.

Opmaacherbild: En Androck aus dem Centre de l’Oseraie – Caritas Luxembourg / Facebook

Related topics Caritas Lëtzebuerg, Centre de l'Oseraie, Gaardeprojet, Héichwaasser, Hëllef, Iwwerschwemmungen, Koplescht, Obdachlosegkeet, Sans-Abri, Spenden
Next post Previous post