Search

You may also like

US-President muss Pressekonferenz ofbriechen
Neiegkeeten

US-President muss Pressekonferenz ofbriechen

Eigentlech hat sech de gréisste Leader an der Geschicht vun

Gratulatioun: Vereedegung vu 4 Schäffen!
Neiegkeeten

Gratulatioun: Vereedegung vu 4 Schäffen!

Nom ministerlesche Beschloss vum 10. Januar 2020 si gëschter Mëtteg

money
Eng nei App fir Iech mat der Lëtzebuerger Steiererklärung ze hëllefen!
Neiegkeeten

Eng nei App fir Iech mat der Lëtzebuerger Steiererklärung ze hëllefen!

taxx.lu, zënter 2018 déi éischt Plattform fir d’Lëtzebuerger Steiererklärung online

Op der Strooss: Säit 6 Méint fir d’Gesondheet vu Sans-Abrien aktiv

Op der Strooss: Säit 6 Méint fir d’Gesondheet vu Sans-Abrien aktiv

„Op der Strooss ze sinn bedeit oft kee medezinesche Suivi méi ze hunn. De Kierper an d’Gesondheet generell sinn do keng Prioritéit“, erkläert d’Laurie Gatley. Zesumme mat der Ekipp un Infirmieren an Infirmièren ass si zënter engem hallwe Joer fir Caritas Lëtzebuerg op de Stroosse vun eiser Haaptstad am Asaz a këmmert sech ëm d’Gesondheet vu Sans-Abrien.

Oft sinn et Krankheeten, déi einfach behandelt hätte kënne ginn. Doduerch datt et awer keen Traitement a Suivi gouf, entwéckele sech déi gesondheetlech Problemer zu chroneschen Erkrankungen. Dobäi geet et net duer, déi concernéiert Persoune bei en Dokter ze schécken. Et muss een zousätzlech eng Begleedung, sou wéi och e Suivi vum Gesondheetszoustand ubidden.

„D’Persoun gëtt immens vulnerabel. Eis Aarbecht ass et ze verhënneren, datt et esou wäit kënnt. Mir maachen alles dofir, datt d’Persoun déi op der Strooss lieft, op hir Gesondheet uecht gëtt“, sou d’Infirmière a Responsabel vum Projet weider.

Ma, säit dem Ufank vun der Pandemie ass d’Prekaritéit nach méi däitlech spierbar. Dat gemeinschaftlecht Liewen op der Strooss erhéicht de Risiko sech mam Covid-19 unzestiechen. An och déi mental Gesondheet huet gelidden.

D’Sans-Abrie géifen déi sanitär Moossnamen zwar kennen an gréisstendeels ëmsetzen, se awer net richteg verstoen. „Si doen beispillsweis eng Mask u fir mateneen ze schwätzen, mee drénken dann aus der selwechter Fläsch“. Dofir wier et essentiell zousätzlech Sensibiliséierungsaarbecht ze leeschten, ënnersträicht d’Laurie Gatley.

Den Infirmieren an Infirmièren hir Aarbecht bedeit net nëmmen opzeklären a Mënschen ouni Daach iwwert dem Kapp den Zougang zur medezinescher Versuergung ze garantéieren, mee och hiert Vertrauen ze gewannen an Hëllef direkt unzebidden, wou se gebraucht gëtt. Schonn am November hat d’Laurie Gatley erkläert, datt et méi einfach ass, eng Hëllef ze akzeptéieren, wéi dono ze froen.

Weider Informatioune ginn et och op www.caritas.lu.

Opmaacherfoto: Caritas Lëtzebuerg

Related topics Caritas Lëtzebuerg, chronesch Erkrankungen, Covid-19, Gesondheet, Laurie Gatley, medezinesch Versuergung, Sans-Abri, Stroosseninfirmièren, Suivi, Traitement
Next post Previous post