Search

You may also like

Kawasaki-Syndrom: Alles nëmmen hallef esou schlëmm?
Neiegkeeten

Kawasaki-Syndrom: Alles nëmmen hallef esou schlëmm?

E Freideg stierft am Frankräich ee Kand vun 9 Joer

surprise
Déi Blo mat „Häerz a Séil“ fir hir Stad
Neiegkeeten

Déi Blo mat „Häerz a Séil“ fir hir Stad

Et war esouwuel e flott wéi och ongewinnte Bild. Bei

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen
Neiegkeeten

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen

Zu Moria huet ee groussen Deel vun de Flüchtlingen d‘Lager

Stroosseninfirmièren an -infirmieren fir Sans-Abrien

Stroosseninfirmièren an -infirmieren fir Sans-Abrien

Zënter November ass eng Ekipp un Infirmièren an Infirmieren vu Caritas Lëtzebuerg op de Stroosse vun eiser Haaptstad am Asaz, fir de Sans-Abrien ze hëllefen. Wärend der Wanteraktioun ass eng Permanence garantéiert.

D’Zil vun dësem neie Projet, deen vum Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte a vu private Leit ënnerstëtzt gëtt, ass et de Mënschen op der Strooss ze hëllefen an hinnen grad elo wärend der COVID-19-Pandemie d’Bedeitung vun der gesondheetlecher Preventioun an der Hygiène ze erklären.

Et ginn tatsächlech vill Mënschen op der Strooss, déi schonn zënter Jore keng medezinesch Nosuerg méi haten, déi behandelt misste ginn, déi awer ze mësstrauesch sinn a sech net woen ëm Hëllef ze froen. Deelweis wësse si och net, u wien si sech sollen/kënne wende fir Hëllef ze erhalen.

De Kierper nees verstoe léiren

Vill vun hinne fillen hiren eegene Kierper net méi, mat der Zäit ass en hinne friem ginn – esou verschlechtert sech d’Situatioun, déi mat Suergfalt einfach hätte kënne kontrolléiert ginn. Schliisslech huet ee groussen Deel vun de Mënschen, déi op der Strooss liewen, dacks méi wéi eng Krankheet. Domat gehéieren si zu de vulnerabele Persounen a sollten net vergiess ginn.

De Projet fänkt mat einfache Behandlungen, wéi enger Plooschter op d’Wonn un. Dobäi geet et virun allem drëms, d’Vertraue vun de Mënschen ze gewannen, si ze sensibiliséieren an dozou ze bréngen erëm op hire Kierper ze lauschteren. Wann si dat wënschen, ginn se bei der weiderer Behandlung ënnerstëtzt. De Projet schafft mat engem Netzwierk un Associatiounen, sozial Aarbechter, Dokteren an anere Gesondheetsspezialisten zesummen.

Den Zougang zum Gesondheetssystem ass fir Mënschen ouni Ënnerdaach dacks mat Fale verbonnen: Déi meescht hunn keng sozial Ofsécherung méi, anerer haten se ni a verschiddener hunn Angscht an engem volle Waardezëmmer ze sëtzen. Dat gëllt och fir déi aner Säit – Dokteren oder anerer aus dem Gesondheetssecteur fäerten, datt déi „propper Cliente“ vergrault ginn.

“Et ass méi einfach eng Hëllef ze acceptéieren, wéi dono ze froen,”

D’Missioun vun dëser Caritas-Ekipp ass et dann och, all Bedéngungen zesummenzebréngen, fir datt d’Sans-Abrien mat Vertrauen an de medezinesche System eng Behandlung siche kënnen.

Zënter dem Start virun e puer Wochen hunn d’Infirmièren an Infirmieren ronn 100 Persoune getraff a ronn 20 Persoune reegelméisseg iwwerwaacht. Dobäi bezitt sech e groussen Deel vun hire Froen op de Coronavirus. Awer net nëmmen. Een therapeutesche Suivi an eng uerdentlech Betreiung deckt e gudde Koup Problemer of, mat deenen d’Sans-Abrien geplot sinn.

“Et ass méi einfach eng Hëllef ze acceptéieren, wéi dono ze froen”, seet Laurie Gatley, Responsabel vum Projet. “Dofir ass et wichteg, op d’Strooss ze goen do wou d’Sans-Abrien ze fanne sinn, amplaz datt si bei eis musse kommen. Gläichzäiteg wëlle mir a Lëtzebuerg den néidege Know-How als Strosseninfirmieren entwéckelen. Dat gëtt et bei eisen Nopeschlänner nach net esou richteg, mee et ass onerlässlech. Esou kënne mir hëllefen dofir ze suergen, datt jiddereen Zougang zu der medezinescher Versuergung huet an och dovunner profitéiere kann,” betount d’Laurie Gatley.

Related topics Caritas Lëtzebuerg, Clochard, Covid-19, Medezinesch Hëllef, Pandemie, Sans-Abri, Stroosseninfirmièren, Stroosseninfirmieren, Strummert, vulnerabel Persounen
Next post Previous post