Search

You may also like

UGDA: Europäesche Concours fir Sträicher a Kammermusek
Neiegkeeten

UGDA: Europäesche Concours fir Sträicher a Kammermusek

D’Museksschoul UGDA organiséiert um Sonndeg, de 15. November 2020 am

Kreativ muss ee sinn: Mond gesinn trotz Schutzmask?
Neiegkeeten

Kreativ muss ee sinn: Mond gesinn trotz Schutzmask?

D’Schutzmasken, déi aktuell Mond an Nues vun all Persoun am

Phas 2: Eng weider Chance fir sech impfen ze loossen
Neiegkeeten

Phas 2: Eng weider Chance fir sech impfen ze loossen

Déi zweet Phas vun der Lëtzebuerger Impfstrategie geet lues awer

Carmen Recken ass déi nei Direktesch vum Beräich „De Park“

Carmen Recken ass déi nei Direktesch vum Beräich „De Park“

De Verwaltungsrot vum CHNP huet d’Carmen Recken zur Direktesch vum Beräich „De Park“ ernannt. Zënter dem 1. Januar 2021 ka si hir Fäegkeeten an der neier Tâche beweisen.

„Mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt Madamm Recken iwwer déi néideg Kompetenzen a Qualitéite verfüügt, fir déi an de leschte Joren ugeléiert Erfarung an Expertise ze konsolidéieren an eng qualitativ héichwäerteg Versuergung vun de Bewunner sécherzestellen“, sot den Dr. Michel Nathan, Virsëtzende vum Verwaltungsrot. Mat vollstem Vertrauen an hier Fäegkeeten, fir d’Ariichtung mat Fairness, Professionalitéit a Mënschlechkeet, freet sech de Verwaltungsrot op dës Zesummenaarbecht.

D’Carmen Recken ass immens dankbar iwwer dës Ernennung an d’Vertrauen, dat si vum Verwaltungsrot entgéintbruecht kritt. „”Mäin Zil ass et, eis Offer weider ze entwéckelen, fir den ons uvertraute Mënschen déi beschtméiglech Versuergung ze bidden. No de Bau- a Renovéierungsaarbechten am Park musse mir erëm d’Rou, d’Besonnenheet an d’Stabilitéit erneieren. Ech wëll der nächster Generatioun eng Ariichtung mat Plus-Value hannerloossen, souwuel a Bezuch op eis Fleeg wéi och op eis spezialiséiert Offeren zur sozialer a pedagogesche Begleedung vu Mënschen, déi eng geeschteg oder psychesch Behënnerung opweisen.“

Ee weidere Schwéierpunkt vun der neier Direktesch ass d’Betreiung an d’Weiderbildung vun de Mataarbechter. „All Aktivitéit am Park muss de Bewunner an de Mëttelpunkt stellen“, seet si. Fir dëst ze erreechen, wëll si eng Kultur vum Dialog, net nëmmen intern, mee och mat externe Partenairen entwéckelen. Sou gëtt grousse Wäert op eng gutt Zesummenaarbecht mat de Bewunner, de Familljememberen a Bezuchspersoune souwéi mam Familljeministère an aneren Acteure geluecht.

D’Carmen Recken ass am CHNP net Onbekannt. Aus Leidenschaft fir de mënschleche Kontakt, huet si sech dozou entscheet, Infirmière an der Psychiatrie ze ginn – dat war an enger Zäit, wou de sozialpedagogesche Secteur nach ënnerentwéckelt war. No 16 Joer Praxis am eemolegen Hôpital Saint-Louis an am Foyer Reckendall huet si 2009 hier Karriär als Statiounschefin am CHNP ugefaangen.

De Spezialberäich „De Park“ an eegene Wierder

„De Park“ ass en Betreiungs- an sozialpedagogescht Fërderzentrum fir Mënsche mat enger geeschteger oder psychescher Behënnerung. Dësen Zentrum bitt ee breet Spektrum un therapeutesche Leeschtungen, dorënner Sozial-,Konscht- a Musekstherapie. Psychomotorik ass och dobäi.

Am Park ass d’Betreiung speziell op d’Bewunner ofgestëmmt, si gi wärend den Dagesaktivitéiten a verschiddene Gruppe betreit. D’Aktivitéite sinn dobäi natierlech un déi spezifesch Bedürfnisser ugepasst. D’Mataarbechter sinn an der Lag, professionell a séier op all Situatioun ze reagéieren.

An Ettelbréck verfüügt „De Park“ iwwer 5 groussflächeg Wunnstrukturen an 2 Tagesstätten, déi am Park des CHNP verdeelt sinn. Zu Useldeng bedreift „De Park“ de Foyer Atert, deen op d’Versuergung vu Mënsche mat enger psychescher Behënnerung spezialiséiert sinn. Op dësen zwou Plazen ass De Park een Uert vum Liewen. D’Entwécklung an d’Wuelbefanne vun de Bewunner stoen am Virdergrond. Ee weidert Zil ass et, all Bewunner Autonomie ze erméiglechen, andeems en aktiv an eng sozial Struktur integréiert gëtt, déi op Respekt an Toleranz baséiert.

Opmaacherfoto: CHNP

Related topics Betreiung, Carmen Recken, CHNP, De Park, Dr. Michel Nathan, Foyer, Nei Direktesch, Verwaltungsrot, Wunnstruktur
Next post Previous post