Search

You may also like

Ass elo Schluss mat „Parler“?
Neiegkeeten

Ass elo Schluss mat „Parler“?

Nodeems Twitter a Facebook dem Donald Trump an enger Rei

De Logementsminister versteet et Interessen ze vertrieden
Neiegkeeten

De Logementsminister versteet et Interessen ze vertrieden

Fir den Henri Kox (déi gréng) dee stänneg vu groussen

Stock-Car: Tornado-Hamm gëtt der Favoritteroll gerecht
Neiegkeeten

Stock-Car: Tornado-Hamm gëtt der Favoritteroll gerecht

Et war wuel kee „summerlecht“ Wieder de leschte Sonndeg, mee

De Casier Judiciaire an elektronescher Form

De Casier Judiciaire an elektronescher Form

D‘Digitaliséierung hëlt weider nei Formen un. Elo ass et och méiglech, sech een elektronesche Casier Judiciaire iwwert d‘Plattform MyGuichet.lu erofzelueden. Aplaz de Strofregësterauszuch iwwert den normale Postwee ze kréien, kann een sech dësen (berufflech oder privat) am Beräich „Meng Matdeelungen“ eroflueden.

Eng Email informéiert den Notzer, wéini den Auszuch fir en Download bereetsteet. Dobäi betrëfft dës nei Ännerungen net nëmme Persounen ouni Virstrofen. Och Persounen, déi eppes zu enger Verurteelung an hirem Casier stoen hunn, kënnen op dësen elektroneschen Déngscht zeréckgräifen.

Op dës Manéier kann dat betreffend Dokument bei enger Bewerbung direkt un den elektroneschen Dossier ugehaange ginn. Selbstverständlech kann de Casier och erausgedréckt ginn. Een sougenannte QR-Code suergt dofir, datt d‘Echtheet vum Dokument verifizéiert gëtt. Eng Iwwerpréiwung mat der GouvCheck-App bestätegt dëst.

Natierlech kënne Persounen, déi hiren Casier Judiciaire a Papeierform erhale wëllen, dësen zu all Moment iwwert de Postwee, eng Email oder e Fax ufroen. Dëst entsprécht der Verflichtung vun der Regierung, déi ëffentlech Meenung vun de Mënschen ze respektéieren, déi näischt mat der Digitaliséierung um Hutt hunn.

Et ass schonn zanter 2013 méiglech sech ënnerschiddlech Dokumenter iwwert d’MyGuichet-Plattform unzefroen. D‘Zuele leie bei 52.000 Demandë fir d‘Joer 2021, zanter der Aféierung selwer si ronn 227.000 Dokumenter digital erofgeluede ginn.

Datt een de Strofregësterauszuch elo och digital erhale kann, gehéiert zu der vun der Regierung entwéckelter Strategie, déi de Bierger digital sou wéi administrativ Interaktioune mat den néidegen Autoritéiten erlaabt. Dobäi sinn d‘Demarche an der Applikatioun selwer wéi och der MyGuichet.lu-Plattform disponibel.

Opmaacherbild: de Guichet / Facebook

Related topics Casier Judiciaire, Digitaliséierung, Elektronesch Form, myguichet.lu, Strofregësterauszuch, Virstrofen
Next post Previous post