Search

You may also like

Indian Summer: Dead Sinners Live am Little Woodstock
International Stories

Indian Summer: Dead Sinners Live am Little Woodstock

No engem optrëtträiche Summer eng erfollegräicher EP, an enger gutt

surprise
D‘Reform vum Notariat soll déi erhoffte Moderniséierung bréngen
International Stories

D‘Reform vum Notariat soll déi erhoffte Moderniséierung bréngen

Bei engem „Avantprojet“ vun iwwer 80 Säite fir e Gesetz,

Ee Rapport zur Cybersécherheet
International Stories

Ee Rapport zur Cybersécherheet

Well déi privat-staatlech Entreprise Post déi numeresch Sécherheet stäerke wëll,

Cassini Sond: Zäit fir Äddi ze soen

Cassini Sond: Zäit fir Äddi ze soen

D’Stonne vun der amerikanescher Cassini Sond si gezielt. Um Freideg stierzt sech d’Sond an d’Atmosphär vum Saturn. Domatter geet eng ganz ertragräich Missioun vun 13 Joer op en Enn, déi d’Wëssen iwwert de Gas-Planéit Saturn op de Kapp gestallt an Planéitewëssenschaft mat ville neien Erkenntnisser erfëllt huet.

„Cassini-Huygens ass eng extraordinär Missioun déi eist Verständnis vum Sonnesystem revolutionéiert huet“, erkläert den Alexander Hayes, Astronomieprofesser op der Cornell Universitéit am Staat New York.

Mat gutt 300 Tier ronderëm de Saturn, huet Cassini wichteg Entdeckunge gemaach: Mierer aus flëssegem Methan op Titan, dem Saturn säi gréissten natierleche Satellit an, d’Bestoe vun engem risegen Ozean aus Salzwaasser ënnert der gefruerer Uewerfläch vun Encelada, engem klenge Saturn Mound.

D’Donnéeën déi vum Spektrometer vu Cassini opgeholl goufen, wéi d’Sond duerch eng Dampwollek iwwert dem Südpol vun Encelada geflunn ass, hunn d’Präsenz vu Waasserstoff, dat aus Rëss an der Äisschicht gesprëtzt ass, bestätegt. De Waasserstoff ass de Beweis vun enger hydrothermaler Aktivitéit, déi Liewen erméiglecht.

Begeeschterung bei de Wëssenschaftler

„Dës Entdeckungen, déi Cassini gemaach huet, gehéieren zu de wichtegste fir d’Planéitewëssenschaft“, esou e Mëttwoch d’Linda Spilker, Chefwëssenschaftlerin vun de Missioun am „Jet Propulsion Laboratory“ (JPL) vun der NASA a Kalifornien. „D’Ozeaner op Encelada hunn eis Approche zu der Fuerschung no Liewen an eisem Sonnesystem verännert“, betount d’Wëssenschaftlerin.

Dëst Bild vum Oktober 2009 weist de Saturn am Äquinoktium. Opgeholl ginn ass et vun der Sond Cassini, a besteet aus enger Serie Biller déi iwwer aacht Stonne laang opgeholl goufen. Extensiv beaarbecht an zesummegesat, war et déi eenzeg Méiglechkeet och d’Réng vum Saturn siichtbar ze maachen. D’Biller sinn aus enger Distanz vu 526.000 Meilen, den 12. August 2009, aus engem Wénkel vu 74 Grad gemaach ginn. (© AFP/NASA/JPL-caltech/SSI)

Cassini, eng Sond vun 2,5 Tonnen, déi 1997 an de Weltraum ofgeschoss ginn ass, huet den 22. Abrëll en éischte Manöver ageleet, deen de Plongeon an d’Atmosphär vum Saturn, dëse 15 September perfekt maache soll.

Fir dat ze maachen, war d’Sond ganz no un Titan erugeflunn. Hei, mat Hëllef vum Stouss duerch d’Gravitatioun, konnt d’Sond ënnert de Réng vum Saturn a senger Couche Wolleken duerchfléien. Fir déi éischte Kéier war et méiglech dësen „eidele“ Raum vun 2.700 Kilometer ze erfuerschen. Bis e Freideg wäert Cassini 22 Orbit-Flich absolvéiert hunn.

Zäit Ofschid ze huelen

Cassini huet Titan um 12. September eng leschte Kéier iwwerflunn. Biller an Donnéeë konnte bei dësem Iwwerfluch gesammelt ginn. „Et war dat dann och de Moment fir Ofschid ze huelen“, soten d’Ingenieure vun der NASA, déi d’Geleeënheet genotzt hate fir sech ze iwwerzeegen, datt d’Sond och déi richteg Trajectoire geholl huet fir an d’Atmosphär vum Saturn anzetauchen.

„Bei dësem Manöver iwwerdréit d’Sond sämtlech Donnéeën. Nach ni konnt een esou genau Informatiounen zum Saturn sammelen“, ënnersträicht d’Linda Spilker. Cassini misst de Kontakt zur Äerd zwou Minutten no der Descente, bei enger Geschwindegkeet vun 113.000 Km/h, verléieren.

An där Zäit sinn nach zéng vun den zwielef Instrumenter aktiv, dorënner de Spektrometer, deen d’Atmosphär analyséiert. Déi Informatiounen si wichteg fir ze verstoen, wéi de Planéit sech gebilt an evoluéiert huet. Virdru sollten aner Instrumenter nach d’Polarliichter an d’Wiirbel iwwert dem Saturn senge Pole beobachten.

Eng läscht Reverenz

De Plongeon vun der Cassini-Sond start e Freideg de Moien um 8.15 eiser Zäit – pünktlech zu Schoulrentrée – fir an d’Atmosphär vu Saturn an enger Héicht vun 1.915 Kilometer anzedauchen. D’Signal vun dësem Manöver kritt d’NASA allerdéngs eréischt 86 Minutte méi spéit. Dat ass d’Zäit déi d’Radiowelle brauche fir d’Äerd ze erreechen.

E beandrockend Bild dat vun der Sond Cassini am Abrëll 2013 op d’Äerd iwwerdroe ginn ass. Hei gesäit een de Vortex vum Stuerm iwwert dem Nordpol vu Saturn. D’Opnam weist d’A vum Stuerm mat enger Héicht vun 2.000 Kilometer. Dem seng „Wollek“ beweegt sech mat enger Geschwindegkeet 150 M/s (© AFP/NASA/JPL-caltech/SSI)

Mat sengen Antennen déi op d’Äerd ausgeriicht sinn, erreecht Cassini dann d’Atmosphär vum Saturn um 11.31 Auer. Eng Minutt méi spéit, bei 1.150 Kilometer iwwert der Couche Wolleken, brécht d’Kommunikatioun of an d’Sond desintegréiert sech. Dat läscht Signal soll da kuerz virun 13:00 Auer empfaange ginn.

De Grond fir Cassini op Saturn „falen“ ze loossen ass einfach. Domatter gëtt all Risk evitéiert, datt d’Sond op e Mound vum Saturn fält, wou et Liewe kéint ginn – wéi beispillsweis Encelada – an dee géif kontaminéieren.

Zur Erënnerung

D’Cassini-Missioun ass eng Zesummenaarbecht tëscht der NASA, der ESA (Europäesch Satellitten-Agence) an der italienescher Weltraum-Agence. Déi zwou läscht hunn d’Sond Huygens gebaut, déi vu Cassini bis Dezember 2004 gedroe ginn ass. Déi war deemools op Titan gelant.

Kascht huet d’Missioun Cassini-Huygens 3,26 Milliarden US-Dollar. Dovunner hunn d’USA 2,6 Milliarde gedroen, 500 Milliounen huet d’ESA an 160 Milliounen d’Italiener bäigeluecht.

De Numm krut Missioun un Erënnerung un den Giovanni Cassini, en italieneschen Astronom aus dem 17. Joerhonnert. Hie war et och dee véier vun de 60 Mounden vum Saturn entdeckt hat. De Christiaan Huygens war en hollännesche Mathematiker aus dem 17. Joerhonnert, dee festgeluecht hat, datt de Saturn Réng huet. Hien hat och als éischten Titan beobacht.

mam Jean-Louis Santini/AFP

Foto: Den Hunter Wait, Teamleader fir de Cassini Ionen- an neutral Massespektrometer gëtt um 13. September läscht Erklärungen zu der Sond, iert se an d’Atmosphär vu Saturn andaucht. (© Robin Beck/AFP)

Related topics Cassini, Encelada, Huygens, NASA, Saturn, Titan
Next post Previous post