Search

You may also like

Nowhere Brewing – d‘Konscht gudde Béier maachen ze loossen
Kultur Neiegkeeten

Nowhere Brewing – d‘Konscht gudde Béier maachen ze loossen

Et gëtt bosseg Geschichten déi nëmmen d‘Liewe schreiwe kann: „viru

Sou wéi et ass, wäert et net bleiwen!
Kultur Neiegkeeten

Sou wéi et ass, wäert et net bleiwen!

Den neien Numm vu Jonk Lénk ass ab elo LAIKA.

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!

Et gëtt kee mannerwäertege Beruff. Et gi just Uerteeler vu

„Catastrophe“ den 8. Abrëll an der Kulturfabrik

„Catastrophe“ den 8. Abrëll an der Kulturfabrik

En Donneschdeg, den 8. Abrëll 2021 wäert de Grupp „Catastrophe“ d’Kulturfabrik fest am Grëff hunn! Et gëtt psychedelesch – iech erwaart eng freedeg verdreemte Stëmmung.

D’Band, déi am Joer 2016 gegrënnt gouf, mécht ni zweemol dat selwecht. Si wëllen sech näischt verbidden, a riskéiere soumat dat Lächerlecht. An no dësem Motto fueren si gutt a sinn eenzegaarteg.

Catastrophe war schonn vill ënnerwee. An de Bëscher, Cabareten, op Diecher a kräiz a queesch duerch Frankräich. Och Festivaller wéi Rock en Seine, Zénith de Paris, Les Francofolies, We Love Green, Printemps de Bourges sinn net virun der Band sécher.

12 Stonne Radio fir Néijoersdag, e Musical, mat 80 Kanner aus Marseille e Lidd komposéieren – dat ass Catastrophe. An et geet nach weider: Si waren zu München, Tokio a Warschau. Elo kënne si geschwënn Lëtzebuerg an hire Bann zéien.

Tëscht engem intimen an akustesche Set, tëscht dem leschten an dem neien Album, tëscht Fréijoer a Summer, tëscht Hëtzt an Opreegung Catastrophe steet virun der Dier. Nieft hirem éischten Album „La nuit est encore jeune“ huet d’Band och e Buch mam selwechten Titel an der Editioun Pauvert erausbruecht.

Den zweeten Album „Gong“ koum 2020 eraus. „Fizzy“, eng Vinyl déi zënter dem leschte Joer am Kader vum Disquaire Day um Marché ass, ass eng Zesummestellung vun hire Lidder.

Do kann een nëmmen op hiren Optrëtt an der Kulturfabrik gespaant sinn. Wéi et schéngt, ass alles méiglech. Catastrophe vereent 6 ënnerschiddlech Perséinlechkeeten: de Pierre, d’Blandine, den Arthur, de Bastien, de Pablo an d’Carol si scho prett.

Eng Reservatioun ass obligatoresch, en Ticket kascht am Virverkaf 20 Euro, an der Oweskeess sinn et 25 Euro. D’Sécherheetsmoossname mussen natierlech agehale ginn.

Weider Informatioune fannt Dir op kulturfabrik.lu.

Opmaacherbild: © Antoine Henault

Related topics Band, Catastrophe, Chanson, Concert, Kulturfabrik, Musek, Psychedelic
Next post Previous post