Search

You may also like

money
Wirtschaft: Däitsch-franséischen Hëllefsprogramm
Neiegkeeten

Wirtschaft: Däitsch-franséischen Hëllefsprogramm

Si gesinn sech selwer als de „Motor vun der Europäescher

Dateschutz: D’Reklamatiounen hu sech 2018 verduebelt
Neiegkeeten

Dateschutz: D’Reklamatiounen hu sech 2018 verduebelt

Déi national Dateschutzkommissioun (CNPD) huet gëschter hire Rapport vum Joer

QuattroPole: D’Stad Lëtzebuerg iwwerhëlt d’Presidentschaft
Neiegkeeten

QuattroPole: D’Stad Lëtzebuerg iwwerhëlt d’Presidentschaft

Fir eng éischte Kéier zënter der Grënnung vu QuattroPole konnten

Si loosse mat sech schwätzen, de Geck maachen awer net

OGBL & LCGB géifen ënnert gewësse Konditiounen der Erweiderung vum Sozialplang bei Catella Bank zoustëmmen

Si loosse mat sech schwätzen, de Geck maachen awer net

Wie mengt, datt d‘Zäite just fir den Horesca-Secteur an den Eenzelhandel schwéier sinn, deem kann et geschéie vu lauter Beem de Bësch net méi ze gesinn. An esou huet et och am Finanzsecteur eppes Problemer, beispillsweis bei de Catella Bank S.A. eng op „Investitiounen am Immobilier“ an dem sougenannte Fondsmanagement spezialiséiert Bank déi (nach) a 14 Länner operationell wëll sinn.

Dëst Finanzhaus ass 2018 vun der VP Bank aus Liechtenstein fir 10,5 Milliounen iwwerholl ginn, an hat sengerzäit 10 Mataarbechter. Déi sinn zu den 120 scho bestoende Jobs vu VP Bank Lëtzebuerg derbäi komm. A wéi et bei Iwwernamen esou Usus ass, muss engersäits dat investéiert Geld séier nees erageholl ginn, an dat geet am beschte wann ee sech vu lästege Ressourcen trennt.

Et koum also zum Sozialplang, dee schwéieren Häerzens vun de Gewerkschafte matgedroe gouf, woubäi schonn deemools kloergestallt gouf, datt een dat nëmme géif stäipen, wann et net zu enger weiderer Deterioratioun vun den Aarbechtsbedéngunge fir déi verbleiwend Mataarbechter kënnt. Elo sollt dann eng Extensioun zum Sozialplang, vun de genannte Gewerkschafte matgedroe ginn.

Si hunn sech vu Catella Bank S.A. net zu dëser Ënnerschrëft fir eng Verlängerung vu 24 Méint iwwerriede gelooss, well dat ganz eendeiteg zu der Deterioratioun vun den Aarbechtsbedéngunge féiere géif. Wéi d‘Personaldelegatiounen sech mat de Gewerkschafte viru ronn sechs Méint un en Dësch gesat haten, sinn OGBL a LCGB eng ganz Rëtsch Verflichtungen agaangen.

Esou gouf sech beispillsweis drop concertéiert, datt am Fall vun enger Extensioun vum Sozialplang, all déi Beschäftegt mussen Zougang zu den integrale Konditioune vun eben dësem Sozialplang hunn. Et ass jo wichteg, datt all d‘Salariéeë vun deenen sech erwaart gëtt, datt si d‘Schléissung vun der Bank assuréieren, d‘Uwennung vun alle Konditiounen aus dem Sozialplang applizéiert ginn.

„Sozial“ ass den Tabu vun der Finanzplaz Lëtzebuerg

Dat besonnesch dann, wann et zu engem Aarbechtsplazwiessel wärend der Period vum Sozialplang kënnt. Wat ass domadder gemengt? D‘Gewerkschafte gesinn hei net an, datt een Employé kéint gezwonge ginn ze kënnegen, wouduerch dësen dee ganze Schutz esou wéi dësen am Sozialplang virgesinn ass, géif verléieren. Elo ass datt awer (nach) déi vum Patronat üblech Virgoensweis…

Hei gëtt dann och ganz no enger besonnesch op de Finanzsecteur ausgeluechten Ideologie – an där Respekt a sozial Verantwortung als „crime de lèse majesté“ gëllt – virgaangen. Ënnert dëser Virgab war et de Gewerkschaften onméiglech d‘Verlängerung vum Sozialplang ze ënnerschreiwen. Woubäi et hei „Gewerkschaft“ a „Gewerkschaften“ gëtt, wat net wierklech datselwecht ass oder muss sinn.

Elo ass jo awer d‘ALEBA – zumindest ass dat de leschten Informatiounsstand – déi representativ Gewerkschaft am Banken- an Assurancësecteur, an dësem op de Sozialdialog spezialiséierte Club sollt dës Praxis geleefeg sinn. Mee et kennt ee sech an et arrangéiert ee sech, firwat d‘ALEBA hei op Verhandlunge verzicht an déi vum Patronat virgeluechte Verlängerung dann och gezeechent huet.

Dat ass ee vun de weidere Problemer, deen sech ob d‘Verhandlunge fir de Kollektivvertrag – deen d‘ALEBA jo schonn am Virfeld als gutt befonnt huet – am Banken- an Assurancësecteur soll bis 2023 soll verlängert ginn, dierft auswierken. Dat féiert leider och derzou, datt sech elo nees déi Beschäftegt tëscht „Hummer an Amboss“ befannen. An d‘Patronat laacht sech eng Boss…

Illustratioun: © Eric Gordon / unsplash

Related topics ALEBA, Catella Bank S.A., Finanzplaz Lëtzebuerg, LCGB, OGBL, Sozialplang
Next post Previous post