Search

You may also like

Britesch Variant an der Lënster Lycée International School: Elo gëtt jiddwereen getest
Kultur Neiegkeeten

Britesch Variant an der Lënster Lycée International School: Elo gëtt jiddwereen getest

Nodeems an der Lënster Lycée International School e positive Covid-19-Fall

#TellEurope: Net all d‘EU-Spëtzekandidaten hunn Europa am Sënn
Kultur Neiegkeeten

#TellEurope: Net all d‘EU-Spëtzekandidaten hunn Europa am Sënn

Datt et iwwerhaapt Spëtzekandidate gëtt, wou dach de Bierger selwer

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf
Kultur Neiegkeeten

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf

Vun der ganzer Welt hierkomm oder op der Plaz rekrutéiert,

CATS – Ee magesche Musical bis den 10. Februar zu Lëtzebuerg

Et ass wuel ee vun de bekanntste Musicals weltwäit. Mat paakender Musek, sensationellem Danz a spektakuläre Kostümer erzielt d’Show an imaginativer an eleganter Aart a Weis dem Andrew Lloyd Webber säi Meeschterwierk.

Cats ass scho mat villen internationalen Theater-Präisser ausgezeechent ginn a mat méi wéi 73 Millioune Spektateuren weltwäit huet de Musical scho laang all Rekorder gebrach, souwuel zu London West End, wéi och um Broadway zu New York. Déi erfollegräich Produktioun, déi 2015 bei de Laurence Olivier Awards zum „Best Musical Revival“ nominéiert ginn ass, kënnt elo bis den 10. Februar an d’Rockhal zu Lëtzebuerg!

Cats

Kanner, wéi och Erwuessener si faszinéiert wann d’Jellicle-Katzen sech op de Wee maachen, fir sech um traditionelle Katze-Bal ze treffen. Et ass eng ganz speziell Nuecht déi vum Mound beliicht gëtt, wou charmant Charakteren, wéi de Mr Mistoffelees, dat schéint Victoria oder de béise Macavity géinteneen untrieden, fir een zweet Liewen ze kréien.

Dem Andrew Lloyd Webber seng Melodien si mat näischt ze vergläichen, d’Choreographien huelen engem den Otem, a genau an dëser Atmosphär gi Beweegunge vun der Katz kombinéiert mat mënschlechen Zich. D’Zeenen, a Verbindung mat den eenzegaartege Kostümer sinn einfach fantastesch an dobäi kënnt nach ee vun den emotionaalsten an ergräifendste Momenter an der Geschicht vum Musical: den weltwäiten Hit „Memory“ vun der Katzen-Diva Grizabella.

Säit der Première 1981 zu London huet de Succès net ofgeholl, an esou ass et kee Wonner, datt Cats ee vun de laang-liewegste Musicals ass. Do kann ee schonn houfreg sinn den Original vu London elo zu Lëtzebuerg ze hunn.

Weider Informatiounen

De Musical gëtt gespillt u folgenden Deeg:

  • 05. Februar um 20:00 Auer
  • 06. Februar um 20:00 Auer
  • 07. Februar um 20:00 Auer
  • 08. Februar um 20:00 Auer
  • 09. Februar um 15:00 Auer an 20:00 Auer
  • 10. Februar um 14:00 Auer an 18:30 Auer

D’Show dauert ronn 170 Minutte mat Pausen a de Musical ass op Englesch. D’Präisser fir een Ticket fänken un bei 63,15 € (Taxen exkl.). Bestelle kann ee säin Ticket ënnert www.rockhal.lu oder via Telefon (+352 24 555 1). Méi Informatiounen zum Musical fënnt een dann ënnert www.cats-musicals.de.

Related topics Cats, Event, Katz, Musék, Musical, Rockhal
Next post Previous post