Search

You may also like

Galerie: Mam Minister bei de Rettungsdéngschter
Meenung Neiegkeeten

Galerie: Mam Minister bei de Rettungsdéngschter

No der Protex vu Lëntgen, de Pompjee vu Miersch an

Galerie: Bacchusfescht zu Réimech
Meenung Neiegkeeten

Galerie: Bacchusfescht zu Réimech

Op Léiffrawëschdag hat de Syndikat d‘Initiative vu Réimech op säin

Emotional Trauerfeier fir den George Floyd
Meenung Neiegkeeten

Emotional Trauerfeier fir den George Floyd

D‘Famill, Frënn a Vertrieder aus Politik an Zivilgesellschaft, hunn gëschter

Causa Goergen-Cahen: Mir verlaange Kloerstellung a politesch Konsequenzen!

Causa Goergen-Cahen: Mir verlaange Kloerstellung a politesch Konsequenzen!

D’Partei déi Konservativ reagéiert via Pressematdeelung op de rezenten Hatespeech vum Deputéierten a Gemengeconseilljee Marc Goergen (Piratepartei) am Péitenger Gemengerot vum 19.04.2021.

An dëser Gemengerotssëtzung, huet den Här Goergen, um Dagesuerdnungspunkt ‘Administration Générale, Punkt 6.8 – Remplacement d’un membre effectif dans la commission consultative de l’intégration’, d’Wuert ergraff, fir de Gemengerot als Plattform fir Hatespeech ze mëssbrauchen, en vue, datt d’Gemengegesetzgebung ausser Kraaft gesat gëtt, d’Spillreegelen net respektéiert ginn, an d’demokratesch Legitimitéit a Fro gestallt gëtt.

D’a-politescht Behuele vum Här Goergen huet net just fir Tumult an Tëscheriff am Gemengerot gesuergt, mä souguer zu engem ‘appel à l’ordre’ vum CSV-Buergermeeschter gefouert, mam Verweis, datt hien anerefalls, de Sall soss verléisst.

Op e Neits, huet hien eis Partei déi Konservativ, ëffentlech als ‘radikal’ a ‘rietsextrem’ diffaméiert, spezifesch eis Politiker, de Parteipresident an Ex-Gemengeconseilljee Joe Thein an d’Vizepresidentin Sandra Schwachtgen, déi als Péitenger Bierger, demokratesch gewielt, zwee legitiméiert Sëtz, als ‘Membres effectifs’ an der Péitenger Integratiounskommissioun bekleeden.

D’Madamm Schwachtgen gouf an dëser Conseilssëtzung, majoritär vum CSV/LSAPGemengerot (11x Jo, 3x Nee, 2x Abstentioun) vum ‘Membre suppléant’ als neie ‘Membre effectif’ an der Gemengekommissioun confirméiert – och a vollstem Respekt zur Gemengegesetzgebung, déi d’Prozedur vu Nominatioun, Wiel, Ranking, an dem Noréckele vu Leit, reegelt an definéiert. Gären an zurecht, setze mir eis och weiderhin, fir d‘Gemeng Péiteng, hir Awunner, an déi lokal Integratioun vun den Auslännercommunautéiten an! Selbstverständlech mat eisem Prinzip vu vollwäerteger Integratioun, Respekt viru Rechtsstaat a Kultur, Erfëllung vun allen Integratiounsconditiounen, an dem Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch!

Am Här Goergen senger Interventioun, ass weiderhin, folgend, geféierlech Ausso gefall Zitat –“(…) Ech hat och schonns mat der Familljeministesch (Umierkung: Madamm Corinne Cahen) rieds, mir si mëttlerweil souwäit, datt Gesetzer geännert solle ginn, datt esou Fäll netméi virkommen”.

Am Kontext heescht dat, datt aner Meenungen, konservativ Meenungen, vun eiser politescher a pluralistescher Demokratie zu Lëtzebuerg, ausgeschloss gi sollen – dëst scheinbar no Beléiwen a Bewäertung, wat déi politesch Regierung als ‘rietsextrem’ ofstempelt, oder hirer Meenung no, als ‘riets Astellungen’ interpretéiert. Et soll also, keng lokal a national Participatioun, keng Plaz vu Meenungen, Parteien a Mënschen op politeschem Niveau méi ginn, déi hinnen, en Dar am Aa sinn! Dat ass net just politesch Diskriminéierung an Ausgrenzung, mä och eng Amëschung an de politesche Walprozess, souwéi Agrëffer, an d’Gemengegesetzgebung an an d’Gemengenautonomie. D’autant plus, ass d’Familljeministesch net en charge vun dësem Ressort, an d’Gemengeréit ënnerleien der Kompetenz vum Banneministère.

Scho méimools, an a virréchte Rieden, huet den Här Goergen sech mat sengem Hatespeech géint eis Partei inszenéiert, fir politescht a mediaalt Kapital ze schloen – an dat och op Käschte vum Image vun der Gemeng! Mir errëneren och gären drun, datt de Gemengerot, fir Moralapostel ze spillen, déi falsch Plaz ass! Wien et net wësse sollt: Den Här Goergen trëtt haut gären als ‘Konservativbekämpfer’ op, huet dem Här Joe Thein um Waldag, de 9. Oktober 2011, awer ëffentlech a ganz léif, mat engem Statement, „Gratulatioun, Ech hat dir et jo virausgesot“ offiziell fir seng Wiel an de Péitenger Gemengerot felicitéiert. Dat ass net just Duebelmoral, mä och een Eegegol, Här Goergen!

D’Konservativ Partei, weist dës infam Insulten, dës Diskreditéierung an dës Verschwörungstheorien, vehement zeréck, a léisst sech vum Här Goergen, dës populistesch, Hetz- an Hassrhetorik, net gefalen! Zu Péiteng ass ee gewinnt, haart an engagéiert an der Saach – och mat alle politeschen Differenzen – ze sinn, mä mat perséinlechem Respekt, an der Uechtung vun demokratesche Prozesser.

Eis Partei ass net rietsextrem, mä géint Extremismus! Eis Partei fousst op konservativpatrioteschen a fräiheetleche Grondsätz, huet sech a 4 Joer Bestoen, demokratesch un alle Walen op alle Levelen – de Gemengen-, Chamber- an Europawale – bedeelegt, an ass a war, an hirem politeschem Engagement, ëmmer rechtsstaatlech a verfassungstrei.

Mir stellen eis Froen, a fuerderen Äntwerten:

  • Litt de Piratepolitiker Goergen zum Feedback vun der Mme. Cahen?
  • Oder mécht sech d’Ministerin Cahen matschëlleg un der Afwécklung vun eiser Demokratie?

Eis Partei verlaangt eng Kloerstellung vun der Madamm Cahen, op dës Piratebehaaptung, eng Reaktioun vum Banneministère zu där Positioun vun der Madamm Cahen, an de Récktrëtt mat ‘effet immédiat’ vum Här Goergen! A béide Varianten, si jiddefalls politesch Konsequenze gefuerdert, a néideg, sief et fir den Här Goergen, sief et fir d’Madamm Cahen! Esou net!

Gezeechent, déi Konservativ

Opmaacherbild: © Max Bohme / unsplash

Related topics Causa Goergen-Cahen, Corinne Cahen, déi Konservativ, Gemengerot, Hatespeech, Joe Thein, Marc Goergen, Piraten, Rietsextremismus, Sandra Schwachtgen
Next post Previous post