Search

You may also like

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer
Neiegkeeten Stories

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer

Zesumme mam Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech

Phil Live doheem: Programm fir d’Séil an d’Oueren
Neiegkeeten Stories

Phil Live doheem: Programm fir d’Séil an d’Oueren

Wärend de leschte Wochen ass et duerch Dir-wësst-scho-wat immens roueg

Fligeraccident zu Kuba, wat bis elo gewosst ass
Neiegkeeten Stories

Fligeraccident zu Kuba, wat bis elo gewosst ass

Nom Fligeraccident um internationale Fluchhafe José Marti zu Havanna (Kuba),

CBD – e schwierege Business

En aktualiséierte Standpunkt vum Ministère géintiwwer den Hanf- a Cannabisderivater

CBD – e schwierege Business

Wann et richteg ass, datt am Regierungsprogramm d‘Legaliséierung vum „rekreative“ Cannabis agedroen ass an den Ament och un engem Gesetz geschafft gëtt, esou muss ee wëssen, datt schonn elo gewësse Produite fir de Verkaf zougelooss sinn. Heibäi handelt et sech Derivater vun industriellen Hanf a Cannabis. An et gi wiesentlech manner zougeloosse Produite wéi ee mengt…

Zu Lëtzebuerg gëtt e puer där „Hanf-Butteker“ an esouguer en Hanf-Verband. De President vun dëser Beruffsvereenegung war dann och gëschter an enger Reportage vun RTL ze gesinn an ze héieren. Hei huet de Christopher Zimmer beklot, datt hie vum Ministère keng zefriddestellend Äntwerte kritt, zu deem wat dann elo ka verkaf ginn a wat eben net. Eng Entrevue wier virgesinn.

CBDAn dësem Kontext ass et allerdéngs wichteg drop hinzeweisen, datt de Ministère am Hiecht 2018 e konsequente Gesetzestext „Produits dérivés du Cannabis et du Chanvre – 2. Oktober 2018“ an och eng wierklech komplett Broschür dozou erausginn huet. Déi ass den 11. Juli 2019 aktualiséiert op dem Site vun der Liewensmëttelsécherheet verëffentlecht ginn, a resuméiert d‘Reglementatioun.

Eigentlech verständlech

Bei de Lecture vun der Reglementatioun wéi och der Broschür selwer, fält engem op, datt alles schéin iwwersiichtlech opgebaut ass. Et gëtt fir alles e Kapitel an d‘Erklärungen si verständlech. Woubäi – bei aller Ongedold – een och nach ëmmer ervirhiewe muss, dat de Konsum vun dësem lëschtege Kraut zu rekreativen Zwecker, bis Legiferéiert gëtt, vum Gesetz hir verbuede bleift.

An dësem Kontext weist de Ministère dann och nach emol detailléiert drop hin, datt een hei net alles soll duerchenaner geheien. Esou muss berécksiichtegt ginn, datt d‘Hanfplanz sech a verschidde Bestanddeeler opgliddere léisst, a jee nodeem ëm wéi eng Partie vun der Planz et geet, ënnerschiddlech Gesetzer zu Uwennung kommen. Et ass eben net alles Cannabis wat duerno richt.

CBDSäitens dem Ministère gëtt dann och drop higewisen, datt een den „industriellen Hanf“ net sollt mat Cannabis op eng Träppche stellen. Dësen Hanf enthält esou wéineg THC, datt de Gehalt sech net zu fir déi vun de Konsumenten erwënschte Wierkung eegent. (Et geet hei ëm déi psychoaktiv Moleküll „Tetrahydrocannabinol“). Beim Cannabis geet et donieft och ëm de Wierkstoff Cannabidiol (CBD)

Dës Moleküll – also de CBD – ass net psychoaktiv, ergo erfëllt net d‘Wënsch vun de Konsumenten déi sech e sougenannten „Trip“ erwaarden. Dat heescht dann awer och, datt déi Leit, déi sech aus wéi engem Grond och ëmmer an engem CBD no lëschtegem Kraut ëmkucken, hei eigentlech keng Rauschmëttel fanne sollten. Wat also dierfen dës Butteker verkafen, wat ass de Geschäftsmodell?

Dat grousst Geschäft

Dat sech esouwuel mat der Dommheet wéi och der Guttgleewegkeet vun de Mënschen am beschte Geld verdénge léist, géif de Geschäftsleit, déi en CBD-Shop bedreiwen net gerecht. Natierlech hu si Dag an Dag aus och där Clienten déi sech net „mat Detailer“ a scho guer net mat Fakten aus der Rou brénge loossen. Vill sinn vläicht der Meenung, datt e Gehalt vu bis zu 0,3% THC duer geet…

Mee och dat ass esou eng Zuel déi een net einfach an de Raum stelle kann. Wa vun 0,3% Rieds geet ass domadder net den Undeel am „fäerdege Produit“ gemengt, mee de Gehalt vun der Planz selwer. Dat ass zudeem de maximalen Taux, dee fir industriell hiergestallten Hanf zoulässeg ass. An och do ass jo eigentlech ersiichtlech, datt een och Stréi dämpe kéint… Mee de Mënsch ass wéi en ass.

CBDWier nach ze preziséieren, datt een an engem CBD-Shop kee medezinesche Cannabis kafe kann. De Verkaf vu Cannabis op Ordonnance gëtt aktuell eenzeg an eleng vun de Spidolsapdikte gemaach. Et geet also den Hanf-Butteker éischter ëm „Ernierungsergänzungsproduiten“. Dat ass d‘Kärgeschäft, zumindest fir den Ament, woubäi ee sech d‘Legaliséierung erhofft, déi de Geldseege brénge soll…

Wat een alles esou kritt

Derivéiert Produiten, wéi den Ueleg an d‘Käre ginn als „Liewensmëttel“ agestuuft, an d‘Blieder ginn eigentlech als Téi oder Infusioun verkläert, woubäi et Leit gëtt déi dat aus iergendengem eis onerkläerleche Grond awer ënnert den Tubak mëschen. D‘Hanfbléien hunn bis ewell nach net de Statut vun „novel Food“ erhalen, mee et gëtt zur Zäit sech domadder zu Bréissel ausenanergesat.

Heibäi geet ëm Cannabinoïd-Extrakter déi ënnerschiddlech Bezeechnunge kënnen opweisen an enger Autorisatioun bedierfe fir um europäesche Marché kënne verkaf ze ginn. CBD-Extrakter an/oder CBD-Ueleg hu keng esou eng Geneemegung an dierfen de facto och net an den Hanf-Butteker ugebuede ginn. Wat d‘Bäimëschen an den Tubak ugeet, esou gëtt et hei kloer Reegelen.

CBDDat ugebuedent Produkt dierf keng Spuere vun Tubak enthalen, an den THC-Gehalt muss ënner 0,3% leien. Zudeem muss de Produit vun der Gesondheetsdirektioun gepréift an autoriséiert ginn, iert en op de Marché komme kann. Bei de sougenannten „e-Liquids“ (dat betrëfft d‘Vaporisateure, och elektronesch Zigarett genannt) dierfen nëmmen déi rengsten Inhaltsstoffer verwennt ginn.

Net einfach sech ze gedëllegen

D‘Verwendung vu Cannabis a kosmetesche Produiten ass u sech – et gëtt kleng Ausnamen – och verbueden. Kosmetesch Produiten déi mat CBD ugeräichert ginn, dierfen och net an den handel. Eenzeg den Ueleg deen aus de Käre vun industriellen Hanf gewonne gëtt, wann den Inhalt ënnert den 0,3% läit, ass zougelooss. U sech zimlech verständlech, an eigentlech wëll ee jo eppes anescht.

Zu deem wat „gewënscht“ ass, also dem rekreative Cannabis, huet de Ministère dann och eng ganz däitlech Positioun: „Esou laang wéi d‘Gesetz dat de Konsum vum rekreative Cannabis regelt net a Kraaft getrueden ass, ass de Verkaf, d‘Zuucht a säi Konsum verbueden“. Et kann een, wann sech gravéierend Ëmstänn erginn, also duerchaus nach am Prisong landen. Besser ass et Gedold ze hunn.

An hei deet sech jo och eppes, och wann et ville Leit net séier genuch geet. Déi sollte bedenken, datt ee mat Cannabis virsiichteg ëmgoe muss. Wann iwwerdriwwenen Alkoholgenoss dem Kapp schonn net gutt deet, esou dierf een déi psychoaktiv Wierkung vum THC net ënnerschätzen. Hei gëtt et vill Konterindicatioune a vun engem deegleche Gebrauch sollt een ofgesinn…

Illustratioun: © Gesondheetsministère

Related topics Cannabidiol, Cannabis, CBD, Gesondheetsministère, Tetrahydrocannabinol
Next post Previous post