Search

You may also like

Nom Stuerm iwwer Pantelleria
Neiegkeeten

Nom Stuerm iwwer Pantelleria

Entspriechend dem Bericht vun der Zivilschutzverwaltung war et um Freidegowend

De Mann dee Katalounien d’Onofhängegkeet versprach huet
Neiegkeeten

De Mann dee Katalounien d’Onofhängegkeet versprach huet

De Carles Puidgemont, ass als President vun der autonomer Provënz

Vu wéi enge Perséinlechkeeten stamen dës Zitater?
Neiegkeeten

Vu wéi enge Perséinlechkeeten stamen dës Zitater?

[onionbuzz quiz-id=143][/onionbuzz] Et gi vill bekannte Fraen am Showbiz. Mee

Et feelt un Transparenz

Et feelt un Transparenz

Déi consultativ Kommissioun vun de Mënscherechter huet hiren Avis zum Gesetzprojet „Covid19“, deen eng Rei Moossname bis Enn September virgesäit, kritesch ënnert d‘Lupp geholl

Scho virun engem Mount hat déi consultativ Kommissioun vun de Mënscherechter (CCDH) der Regierung eng éischter schlecht Zensur ausgestallt, wéi dës hire Gesetzprojet, betreffend physesch Persounen am Kontext vun de Moossnamen zur Bekämpfung vum Covid19, virgeluecht hat. En Dënschdeg ass et dann ëm den Text gaangen, deen déi nächst Woch an der Chamber gestëmmt gëtt.

Am Gesetzprojet 7622, sollen déi zwee Covid19-Gesetzer zesummegefouert an eng Rei Ännerunge virgeholl ginn. D‘Oppositioun hat sech bei der Ofstëmmung vun dëse Gesetzer „zréckgehalen“ an esou vun der Regierungskoalitioun ee eng Schnëss geschnidde kritt. Dobäi goufen d‘Gesetzer per se net ofgeleent, mee der Regierung virgeworf, datt eppes wat kee versteet, vu kengem agehale gëtt.

Dës Gesetzer, déi de 24. Juli auslafen, sollen also elo duerch ee Gemeinsamen Text ersat ginn, an d‘Validitéit soll dann och net op ee Mount begrenzt ginn. D‘Gesetz 7622 soll bis mindestens Enn September gülteg sinn. Op et e, wéi dat vum CCDH duergestallt gëtt, un der politescher Vakanz geleeën ass, datt dësen Text zwee Méint soll gëllen, léisst sech vun der Plaz aus net dementéieren.

Fir d‘Mënscherechtskommissioun awer, wier et de falsche Wee, restriktiv Moossnamen iwwer Mooss an der Dauer festzehalen. Si verlaangen esou, datt wann et nei wëssenschaftlech Erkenntnisser gëtt, een de Gesetzestext zäitno iwwerschaffe muss, an net waarde sollt bis den Delai ausgelaf ass. Dat bezunn op de Fait datt am neien Text weider Restriktioune festgehale goufen.

Säitens der CCDH gëtt, änlech wéi dat säitens den Oppositiounsparteien opgeworf ginn ass, dann och monéiert, datt et keen zefriddestellenden Zougrëff op déi wëssenschaftlech Date gëtt, déi jo awer anscheinend nach ëmmer d‘Grondlag duerstellen, fir Decisiounen ze rechtfäerdegen. Si halen dann och un hire Recommandatiounen zu de leschte Gesetzer fest. Ob et allerdéngs eppes bréngt?

Illustratioun: © Aaron Burden / unsplash

Related topics CCDH, Consultativ Mënscherechtskommissioun, Covid19 Gesetzer, Gesetz 7622, Transparenz
Next post Previous post