Search

You may also like

My Urban Piano – Lëtzebuerg am Tastenféiwer
International Neiegkeeten

My Urban Piano – Lëtzebuerg am Tastenféiwer

Vum 23. Mee bis de 16. Juni sinn, am Kader

surprise
Editorial: D’Opmaache vum Mariage ass nëmmen eng Etapp vu villen
International Neiegkeeten

Editorial: D’Opmaache vum Mariage ass nëmmen eng Etapp vu villen

Mat der Ehe für Alle huet d’LGBT-Community e wichtege Succés

money
De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen
International Neiegkeeten

De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen

2017 war d‘Cargolux dat beschte Joer säit sengem Bestoen. 4%

Bescheide Commemoratioun fir de Centenaire vun der Oktoberrevolutioun

Bescheide Commemoratioun fir de Centenaire vun der Oktoberrevolutioun

Et ass eng bescheide Commemoratioun, déi haut a Russland dem Centenaire vun der Oktoberrevolutioun zoukënnt. Dobäi war et ee vun de Geschichtsträchtege Momenter vum 20.Joerhonnert. Mee am Kreml fäert een, datt grouss Feierlechkeeten eng Glorifizéierung vum Muechtwiessel duerch Gewalt géif duerstellen.

Dat waren nach Zäiten, wou zur Sowjetzäit all 7. November, grouss a gréisser Defiléen op der Rouder Plaz stattfonnt hunn. Haut, de Kommunismus ass längst „Geschicht“, beschränkt sech den offizielle Programm op Ausstellungen a Colloquen. Et gëtt da wuel och nach eng „Parade“, mee déi ass nach just eng Rekonstruktioun mat Uniforme vu 1941, während der Schluecht ëm Moskau, matten am zweete Weltkrich.

Déi seele Veranstaltungen déi de grousse Public mat aschléissen, sinn fir d‘Autoritéiten eng Geleeënheet den Akzent op d‘national Eenheet an d‘Versöhnung ze leeën. De sensibele Sujete geet een hei aus de Féiss. Den Dmitri Peskov, Spriecher vum Kreml, hat nach am Oktober de Journalisten zougeruff: „Aus wellechem Grond sollte mir dësen Evenement zelebréieren?“.

Déi kommunistesch Partei, wou nach ëmmer déi gréissten Oppositioun am russesche Parlament duerstellt, huet hirersäits e Rassemblement bei enger Statue vum Karl Marx, net wäit vum Kreml ewech, virgesinn.

Hei ginn sech ënner gënschtegen Ëmstänn eng 5.000 Participanten erwaart. Déi nationalistesch lénk „Anert Russland“ déi vum Schrëftsteller Edouard Limonov ugefouert gëtt, huet och eng Manif zu Moskau geneemegt kritt. Um Méindeg waren nach eng zwanzeg vun hire Memberen zu Sankt Péitersbuerg vun der Police verhaft ginn.

Zäit d‘Blat ze dréinen

De President Vladimir Putin huet bis ewell gutt uecht gedoen, sech laanscht all Veranstaltung zum Centenaire ze drécken. Dorënner och de grousse Spektakel zu Sankt Péitersbuerg, senger Gebuertsstad, dee sech leschte Weekend am Wanterpalais zougedroen hat.

Ee vun de wéinegen Evenementer deenen de Putin d‘Éier ginn huet, war d‘Erëffnung vun enger neier Kierch zu Moskau. En Akt deen de President als héich symbolesch bezeechent huet, bedenkt een, datt mam erreeche vun der Muecht 1917, d‘Kommunisten de Klerus zerstéiert an déi Gleeweg verfollegt hunn.

Enn Oktober hat de russesche President dann och nach e Mémorial ageweit, deen zu Éiere fir d‘Affer vun der politescher Verfolgung opgestallt ginn ass. Domatter soll d‘Blat gedréint ginn an d‘Differenzen aus der Vergaangenheet bäigeluecht ginn.

„D‘Revolutioun ass e komplexen Deel vun eiser Geschicht. Se muss mat Objektivitéit betruecht a mat Respekt behandelt ginn“, esou de Vladimir Putin, dee wéi en un d‘Muecht komm ass, sech beméit huet déi russesch Gesellschaft an déi national Erënnerung ze versöhnen. Hien ass net deen, wou tëscht dem zaristesche Russland, där hir Stabilitéit an traditionell Wäerter de President schätzt, an dem sowjetesche Russland, vun deem hien d‘Produkt ass, wëll tranchéieren.

De Comité dee fir d‘Commemoratioun gebilt ginn ass, spigelt dann och d‘Virsiicht vum Putin an dëser Hisiicht zréck. Do siegéieren onofhängeg Personalitéiten an Kritiker vun der Muecht, Ministeren a, héich Vertrieder vun der orthodoxer Kierch. Awer net een eenzege Member vun der haideger kommunistescher Partei oder Monarchisten.

Aus der Geschicht léieren

Fir de Kreml soll d‘Commemoratioun vun der Revolutioun genotzt ginn, fir aus der Geschicht ze léieren. A wat een dorausser soll léieren ass dann och festgeluecht: et geet dreems sech géint d‘Kontestatioun vun der „Strooss“ ze wappnen. Verständlech, wann ee weess datt am Mäerz 2018 Presidentschaftswahle sinn, a keen dorunner dierft zweiwelen, datt sech de Putin engem weidere Mandat zur Verfügung wäert stellen.

Esou ass et dann och, datt déi geréngste Form vu Kontestatioun vum Regimm verdäiwelt gëtt. All Aart vu sozialem oder politesche Protest gëtt als „anti-patriotesch“ duergestallt. Esou huet d‘Police dann och iwwert de ganze Weekend honnerte Manifestanten, déi net mam Putin senger Politik averstane sinn, festgeholl.

Fir de gréissten Deel vun der russescher Bevëlkerung, dierft de Centenaire vun der Oktoberrevolutioun dann och onbemierkt eriwwer goen. Laut enger Etüd, déi d‘kommunistesch Partei selwer an Optrag ginn huet, wëssen 58% net emol datt et eng „Commemoratioun“ gëtt. „Dat Land wat fréier seng Existenz aus der Oktoberrevolutioun gezunn huet, begéint haut sengem Centenaire mat engem ouerebetäubendem Silenz“, resuméiert den Historiker Ivan Kourilla d‘Situatioun an der Zeitung Vedomosti.

mam Maxime Popov/AFP

Foto: Et gëtt keng Parade méi mat där un d‘Oktoberrevolutioun vun 1917 geduecht gëtt. Just en Defilé, deen un d‘Parade vum 7. November 1941 soll erënneren, wou déi russesch Zaldote laanscht de Kreml marschéiert sinn, riicht ewech op d‘Front. © Mladen Antonov/AFP

Related topics Kommunisten, Oktoberrevolutioun, Russland, Vladimir Putin
Next post Previous post