Search

You may also like

Kann een dat iranescht Atomofkommes nei Verhandelen?
International Neiegkeeten Sport

Kann een dat iranescht Atomofkommes nei Verhandelen?

Den Iran gesäit net wou den Interêt soll leien, mat

D’ULC gesäit der Taxireform skeptesch entgéint
International Neiegkeeten Sport

D’ULC gesäit der Taxireform skeptesch entgéint

Nodeems déi lescht Taxireform am Joer 2016 zu enger immenser

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran
International Neiegkeeten Sport

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran

Um Sonndeg huet Saudiarabien den Iran gewarnt, datt een net

Ceramiq – Eng Mask fir de Sport aus de Vogesen

Ceramiq – Eng Mask fir de Sport aus de Vogesen

D’Covid-Pandemie reegt och d’Kreativitéit vun den ënnerschiddlechen Textilmarken un. Bei onse loutrengeschen Noperen ass et d’Mark „Ceramiq“, déi Maske fir Sportler ubitt.

Et ass zu Gerardmer, der Heemescht vun der vogesescher Textilindustrie, datt d’Mark „Ceramiq“ gebuer ginn ass. D’Familljenentreprise, déi dräi Mataarbechter zielt, ass haaptsächlech op de Stoff fir d’Industrie a besonnesch fir d’Schutzkleedung, déi op d’Besoinen vun der Arméi an der Police ausgeriicht ass, spezialiséiert. Am Laf vun der Zäit huet sech d’Mark dem Sport zougewennt an si hunn et souguer gepackt Spëtzesportler auszerëschten.

„Ceramiq“ war dobäi déi éischt Mark, déi eng zertifiéiert Sportmask fir Indoor- Sportaktivitéiten op de Maart bruecht huet. Mat de Virschrëften an engem Filtratiounstaux vu 96% no 50 Wäschen, kann een mat der „Le Masq by Ceramic“ intensiv kierperlech Aktivitéiten ausüben a gläichzäiteg d’Loft zirkuléiere loossen.

Ceramiq
Ceramiq / Facebook

Vun Athlete getest a fräiginn

De klengen Extra vun dëser Mask? Softshell hält de Stoff vum Mond ewech a verhënnert esou, datt Sportler wärend der Ustrengung Loft anootmen. E weidere Virdeel vun dëser Mask ass hier Ootmungsfäegkeet vu 476 Liter pro m², déi wäit iwwert de Virschrëfte läit (300 Liter).

Dës Mask aus Mikrofaser kann een dës weidere mat zwee verstellbare Lasticker hannert dem Kapp an dem Genéck astellen. Si ass an zéng ënnerschiddleche Faarwe verfügbar, mat 15 Euro ass de Präis nawell gënschteg. D’Mask gouf vu franséische Basketballspiller vun INSEP getest an och vu bestëmmte Sportveräiner wéi der Eishockeymannschaft Saint-Dié des Vosges iwwerholl. Athlete wéi de Benjamin Och de Choquert, den Duathlon-Weltmeeschter sou wéi de Charlie Pixon,

Olympiagewënner am Wandsurfen 2016 hunn d’Mask well ausprobéiert.

Zesumme mat mental.lu

Opmaacherbild: Ceramiq / Facebook

Related topics Ceramiq, Mask, Otmungsfäegkeet, Schutzmasken, Softshell, Sportler
Next post Previous post