Search

You may also like

Vun Drogen, presséierte Mënschen a verluere Führerschäiner
Kultur Neiegkeeten

Vun Drogen, presséierte Mënschen a verluere Führerschäiner

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, huet

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?
Kultur Neiegkeeten

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?

[onionbuzz quiz-id=195][/onionbuzz] D’Sauer gehéiert zu eisen Haaptwaasserleef. Mee wéi gutt

Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg
Kultur Neiegkeeten

Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg

Gëschter war um Härebierg déi alljäerlech traditionell Veillée de Noël. Präsent

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet

Fotografie ass eent vun de wichtegste Mëttelen, fir aktuell Noriichten ze ënnerstëtzte. Aus dësem Grond organiséiert de Cercle Cité nach bis de 27. Januar d’Ausstellung „Hard Truths“. Passend heizou ass e Méinden an enger Woch eng informativ Diskussiounsronn zum Thema „Wéi funktionéiere Biller an de Medien?“

Eng Foto ass vill méi, wéi nëmmen eng Momentopnam. Ob Konschtobjet, Stëmmunsdréier, informatiivt Medium oder ënnerstëtzend Element, ee Bild huet seng ganz eegen Aufgab a muss, op faarweg oder monochrom, dëser och gerecht ginn. D’Expo „Hard Truths“, mat vun der New York Times ausgezeechente Fotoen, beschäftegt sech genau mat dësem Thema. D’Journaliste vun der US-amerikanescher Dageszeitung sinn dorobber spezialiséiert, a genau dem richtege Moment op den Ausléiser ze drécken an ee professionellt Bild ze maachen, wat seng eege Geschicht erzielt.

An dësem Kader organiséiert de Cercle Cité e Méindeg, de 14. Januar 2019 um 18:30 Auer eng Table Ronde, wou iwwert d’Funktioun vun enger Foto diskutéiert gëtt. Op der Plaz wäerte verschidde Vertrieder vu Lëtzebuergesche Medien, sou wéi och d’Gian Maria Tore, Spezialistin fir Medien a Biller, den Owend leeden.

Fotografe riskéieren esouguer deelweis hiert Liewen, fir ee Moment mat der Kamera ze veréiwegen. Mee wisou brauche Medien eigentlech Fotoen? Wéi ginn déi richteg Biller ausgewielt a wat sinn d’Kritäre vun enger gudder Opnam? Wéi eng Inzenéierung léist wat fir Emotioune beim Publikum aus? Dës an nach vill weider Froe kënne bei dëser Diskussiounsronn beschwat an erkläert ginn. Dat Ganz fënnt am Auditiorium vum Cercle Cité (3, rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg) statt.

Alleguerten Informatiounen

  • Expo „Hard Truthts: An exhibition of prize-winning photography from the New York Times“
  • Vum 22. November 2018 bis den 27. Januar 2019
  • Et ass op vun 11:00 bis 19:00 Auer
  • Guidéiert Visitten si méiglech, den Entrée ass gratis
  • Méi dozou ënnert cerclecite.lu
Related topics Ausstellung, Cercle Cité, Fotografie, Gian Maria Tore, New York Times, Table Ronde
Next post Previous post