Search

You may also like

Mat enger Petitioun géint de Kollektivcongé (Analys)
Neiegkeeten

Mat enger Petitioun géint de Kollektivcongé (Analys)

Mat der Petitioun 1628, déi zanter dem 26. Juni zur

Chantier an der Avenue de la Faïencerie (26.08.-12.09.2020)
Neiegkeeten

Chantier an der Avenue de la Faïencerie (26.08.-12.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vun engem Chantier

Den US-President ass veriergert
Neiegkeeten

Den US-President ass veriergert

An der Zäitschrëft „The Atlantic“ hat de Chefredakter Jeffrey Goldberg

D‘Chamber siegéiert elo am Cercle Cité

An der Chamber gëtt et just genuch Distanz tëscht de Parteiideologien, fir de kierperlechen Ofstand ass dat héicht Haus net gëeegent

Et gouf eppes driwwer nogeduecht, wéi een dat mat den ëffentleche Sëtzunge vun der Chamber ka weiderféieren. Den 30. Mäerz huet dann de Kolléisch vun de Presidenten an de Chamber-Büro, dee vum Lydie Polfer (Député-Maire vun der Stad Lëtzebuerg) abruechte Virschlag, d‘Sëtzungen an de Cercle Cité ze verleeën, ugeholl. E Freideg, also muer um 14 Auer da sollt et kënne lassgoen…

Dat ass net vu Muttwëll an de Chamberpresident Fernand Etgen (DP) weist dann och drop hinn, datt den „demokrateschen Debat“ muss erhale bleiwen. Während d‘Sëtzunge vun de Kommissioune kënne mëttels Videokonferenz ofgehale ginn, ass dat fir d‘Chamber-Sëtzungen net méiglech, mee et muss un der Funktionalitéit vum Krautmaart an dem demokratesche Prozess festgehale ginn.

An der Praxis, esou de Fernand Etgen, heescht dat, datt déi Deputéiert d‘Gesetzer Stëmme kënnen, mee sech op der Plaz net „ënnert véier Aen“ ofschwätzen dierfen, well dat jo dem gewënschtem a gefuerdertem Sécherheetsofstand géif widderspriechen. Zudeem ass et essentiell datt d‘Chamber senge Verflichtungen nokënnt, wéi och all Deputéierten deem aner muss gläich behandelt ginn.

D‘Fraktiounspresidentin vun der CSV, Martine Hansen, begréisst dës Moossnam, well esou den Debat an de Schutz vun de Volleksvertrieder gläichermoosse geséchert gëtt. Fir d‘Cheffin vun den déi gréng, Josée Lorsché, ass de Cercle Cité eng gutt „Alternativ“, woubäi si nach gemengt huet, datt déi „vulnerabel Volleksvertrieder“ aus Sécherheet de Vott per Prokuratioun sollten notzen.

Mir dierfen dobausse bleiwen

Si ass zudeem ganz Frou iwwert de Fait datt zur Stonn nach Kameraen a soss Informatiksgeschir installéiert gëtt, well et jo wichteg ass, datt déi dausende Leit, déi sech déi Sëtzungen ëmmer um Site vun der Chamber ukucken, och dësen Debatte follege kënnen. D‘Leit vun der Chamber an déi Bertelsmann gesteiert „Broadcasting Center Europe“ këmmert sech ëm d‘Iwwerdroung am Netz.

Et ass dann och dës strikt kommerziell ausgeriichte „Partnerfirma“ vun der Chamber, déi d‘Mikroe wéi och d‘Ofstëmmungssystemer zur Verfügung stellt. Déi aus der Chamber si festgeschrauft a konnten net deplacéiert ginn. Dem Chamberpresident seng Klack awer, déi huet de Wee och bis op d‘Plëss fonnt. Ob elo Journalisten no de Sëtzungen zougelooss gi fir hir Froe lass ze ginn? Nee.

Also zumindest ass dat de leschte Stand, an domadder huet jo zumindest eng Partei ee gréissere Problem. Elo kann een iwwert d‘Noutwennegkeet vum Echange „Journalist – Politiker“ streiden, mee generell ass méi flott de Mëttelfanger „live“ gewisen ze kréien, wéi datt Froen, déi ee per Mail areecht, net beäntwert ginn. Woubäi dat selbstverständlech net bei Systemmedien ugewannt gëtt.

Fotoen: D’Chamber 1998 © VDL Photothèque Raymond Faber

Related topics BCE, Broadcasting Center Europ, Chamber, Covid19, Krautmaart
Next post Previous post