Search

You may also like

Texas: D’Hiriichtung vum Robert Pruett
Neiegkeeten

Texas: D’Hiriichtung vum Robert Pruett

De Staat Texas huet um Donneschdeg en Mann higeriicht, dee

Testflicht fir den Horesca-Secteur
Neiegkeeten

Testflicht fir den Horesca-Secteur

Nodeems ee Mëttwoch de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch nieft méi allgemenge

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss
Neiegkeeten

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss

[onionbuzz quiz-id=84][/onionbuzz] D’Geschenker waarden ënnert dem Bam op dech. Wat

De CESAS leet säin éischte Bilan vir

Am Kontext vum Weltdag vun de sexueller Gesondheet ass och eng Charta ënnerschriwwe ginn

De CESAS leet säin éischte Bilan vir

De CESAS (dat ass den Nationale Referenzzenter zur Promotioun vun der affektiver a sexueller Gesondheet) huet sech de Weltdag vun de sexueller Gesondheet (4. September) erausgesicht fir en éischte Bilan vu sengen Aktioune virzeleeën. En erfreeleche Bilan, dee motivéiert op dëser Basis weiderzemaachen a sech eppes besser beim grousse Public bekannt ze maachen.

Sënn an Zweck vum CESAS – dee vum Planing Familial geréiert gëtt – ass et engersäits déi vill Acteuren ze vernetzen an d‘Promotioun vun der affektiver a sexueller Gesondheet ze sécheren. A wann dat alles nach zimlech „onbekannt“ ass, esou kann dat ee grousse Bäitrag leeschte fir eis Liewensqualitéit ze verbesseren. An dofir huet den CESAS eng ganz Rëtsch u Missiounen ugeholl.

Dozou gehéiert d‘Schafe vun engem Netzwierk vun Acteuren, d‘Ënnerstëtzung vun deenen an dësem Beräich berufflech engagéierten, d‘Sensibiliséierung vum grousse Public an de gläichberechtegten Zougang zu enger neutraler Informatioun an dëser Domän. Fir dat alles op d‘Been ze stellen, huet de Gestionnaire a säi begleedende Comité zolidd d‘Äerm eropgestrëppt.

De Gestionnaire ass wéi schon ugangs notéiert de „Planing Familial“ an de Comité stellt sech zesummen aus Vertrieder vun de Ministère fir Educatioun, Chancëgläichheet, Famill a Gesondheet. Andeems no Kollaboratioune mat Acteure gesicht gëtt an déi bestoend valoriséiert soll ginn, gëtt d‘Grondlag geschaaft, Projeten an engem participative Kontext ze entwéckelen.

Kommunikatioun ass essentiell

Am Kontext vun der Kommunikatioun gëtt betount, datt et sech heibäi ëm eng positiv Approche zur Sexualitéit handelt. Fir dat ze erméigleche sinn eng Rei „Instrumenter“ geschafe ginn: esou eng Säit op Facebook (hei goufe 54.700 Persounen erreecht an iwwer 7.900 Interaktioune mat den diverse Publikatioune rezenséiert ginn). Donieft gëtt et eng Newsletter an den Internetsite.

Wéi wichteg Kommunikatioun ass, léisst sech och un de Feststellungen um, an un den Äntwerte vum Terrain notéieren. Dorausser huet sech erginn, datt et wichteg war an nach ass, Formatiounen a de folgende Beräicher/Thematiken unzebidden: déi psychosexuell Entwécklung vum Kand vun 0 bis 18 Joer, d‘Vulgarisatioun an Integratioun vun de Vokabelen, an déi berufflech Perspektiven.

Esou ass dann och fir den 23. Oktober en éischte Formatiounszyklus virgesinn. Déi entsprécht der Demande vum „Terrain“ méi konkret Instrumenter an Informatiounen ze erhalen. D‘Sexualitéit vun de Kanner ass nach ëmmer en Tabuthema, fir net vun de Viruerteeler ze schwätzen. Et ass, esou de CESAS: „imminent wichteg datt mir eisen Erwuessenebrëll ausdinn“.

An da gëtt et nach eng weider Manifestatioun am November. An Zesummenaarbecht mat der UNI Lëtzebuerg gëtt den 21. November e Symposium zum Thema „Wéi eng berufflech Praxis uwenne géintiwwer Situatioune vu Sexualiséierung an Intimitéit bei Kanner a Jugendlechen?“ organiséiert. Et gëtt dofir groussen Interessi a vill leit hunn sech och schonn ugemellt fir deelzehuelen.

Eng Charta als gesond Fundament

Fir den Aarbechtsgrupp vum CESAS war et net nëmmen eng Missioun, mee och eng vun de fundamentale Froen eng gemeinsam Charta auszeschaffen, wéi eng Lëscht vu Kritäre fir d‘Formatiounen am Kontext vun der affektiver a sexueller Gesondheet sécherzestellen. D‘Charta huet d‘Zil den Associatiounen an institutionellen Acteuren en ethesche Kader unzebidden.

D‘Charta definéiert déi ënnerschiddlech Konzepter vun der Sexualitéit op Basis vun enger holistescher Approche an de Standarde fir déi sexuell Educatioun an Europa esou wéi se vun der „Bundeszentral fir gesondheetlech Opklärung“ (BzgA) an der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) entwéckelt goufen an och an den nationalen Aktiounsplang opgeholl gi sinn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CESAS, Cigale, PIPAPO, Planung Familial, Universitéit Lëtzebuerg
Next post Previous post