Search

You may also like

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft
Kultur Neiegkeeten

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft

Et ass zur Traditioun ginn, datt sech d‘Handelskummer fir seng

Dem Fernand Kartheiser seng Fro un den Educatiounsminister suergt fir Gespréich
Kultur Neiegkeeten

Dem Fernand Kartheiser seng Fro un den Educatiounsminister suergt fir Gespréich

Virun enger Woch huet den ëmstriddenen ADR-Deputéierten, Fernand Kartheiser, esou

Dem Boris säi beschte Päerd verléisst de Stall
Kultur Neiegkeeten

Dem Boris säi beschte Päerd verléisst de Stall

Fir déi brittesch „Bexiteers“, wou vum neien Empire gedreemt an

C’est Karma um Siren’s Call 2019

C’est Karma um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s Call Festival statt. Och dëst Joer iwwerzeegt d’Event nees mat multidisziplinären Erliefnisser a verwandelt de Gronn an eng kulturell Attraktioun. An dësem Kader stelle mir elo Woch fir Woch een Akt fir, op den Dir Iech scho freeë kennt!

D’Karma Catena huet säi ganzt Liewe laang Musek gemaach. Esou richteg eescht gouf et dann am Joer 2015, wou hat ugefaangen huet Gittar ze spillen. Schnell huet hatt gemierkt, datt et d’Accorden mat sengem Talent zum Songwriting kombinéiere kann a begeeschtert säithir net nëmmen d’Lëtzebuerger Musekzeen.

Seng Stëmm bréngt eng authentesch, jonk, mee och rau Stëmmung mat vill Power dohannert. Nodeems d’Musekerin 2018 den „Upcoming Woman in Music“ -Award gewonnen huet, ass C’est Karma nees zeréck am Tounstudio fir eng nei EP opzehuelen.

Siren's Call

Siren’s Call 2019

Zum Line-Up vun 2019 gehéiere Metronomy (GB), Cat Power (USA), Band of Horses (USA), Idles (GB), Flavien Berger (FR), Grandbrothers (DE), Claire Laffut (BE), The Holy (FIN), Raftside (LUX), Claire Parsons(LUX), Uriel Barthélémi (FR) a C’est Karma (LUX).

Natierlech kritt een am Food Village och de Baichi gefëllt, an dat mat Iessen aus der Regioun an enger Wäin-Bar aus bio-dynameschem Wäin a Crément.
Den Ticket kascht 52€ +Taxen. Kanner ënnert 10 Joer komme gratis eran. All Kand ënnert 14 Joer muss vun engem Erwuessene begleet ginn.

Related topics C'est Karma, Festival, Karma Catena, Musék, Siren's Call 2019
Next post Previous post