Search

You may also like

ALTIN GÜN – De 14. Februar an der Kulturfabrik!
Neiegkeeten

ALTIN GÜN – De 14. Februar an der Kulturfabrik!

Et ass türkesche Psychedelic Rock, zu deem een einfach wibbele

Kanada legaliséiert ab dem 17. Oktober de Cannabis
Neiegkeeten

Kanada legaliséiert ab dem 17. Oktober de Cannabis

Konsum a Kultur vum Cannabis ginn ab dem 17. Oktober

Tripartite-Aviatioun: Si sinn sech am „Prinzip“ eens
Neiegkeeten

Tripartite-Aviatioun: Si sinn sech am „Prinzip“ eens

Wa Cargolux a LuxAirport elo net déi grouss Suergekanner waren,

CETA: „déi gréng“ maachen et méiglech!

Ouni datt Protest méiglech ass, wëll eis d‘Regierung de Fräihandelsaccord mat Kanada opzwéngen

CETA: „déi gréng“ maachen et méiglech!

Eigentlech hätt de Fräihandelsaccord mat de Kanadier schonn am Abrëll an der Chamber solle ratifizéiert ginn. Et ass ee vum Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) senge groussen Themen, mee nom Covid19-Iwwerfall huet dat ganzt missen eppes zäitlech versat ginn. De 6. Mee, also nächste Mëttwoch awer ass dann esouwäit, da kann d‘Majoritéit dësen ëmstriddenen Accord unhuelen.

Den Zäitpunkt ass, esou zumindest d‘Oppositiounsparteien „déi lénk“ a „Piratepartei“ schlecht gewielt, well wéinst de Restriktiounen, déi mat der Covid19-Pandemie anhier ginn, et der Zivilgesellschaft den Ament net méiglech ass, géint de Fräihandelsaccord CETA – deen 2016 vu Kanada an de EU-Kommissioun beschloss gouf – ze demonstréieren. Woubäi wat géif et bréngen?

DP, LSAP an déi gréng hu sech längst fir den CETA ausgeschwat, dat mat méi oder wéineger fundéierten Argumenter an dem Wëssen, datt géif et dozou ee Referendum, d‘Leit sech dergéint géifen ausschwätzen. Zudeem huet sech dës Regierung och schonn am Virfeld vun de Kris, net duerch Demonstratiounen impressionnéiere gelooss. Hir Decisioun bleift vu Fakten onbeandrockt.

Mam CETA allerdéngs, gëtt d‘Gambia-Koalitioun de multinationale Konzerner nach méi Muecht. Mat dësem CETAFräihandelsaccord, muss d‘Regierung awer uecht dinn, datt keng politesch Decisioun géint dësen Accord verstéisst, firwat si sech ugräifbar mécht. All d‘Argumenter, op säitens der Plattform „Stopp TTIP & CETA“, de MouvEco oder de genannte Parteien, goufen ignoréiert.

Ausser „eise Gréngen“ hunn esou zimmlech all déi ekologesch Parteien am europäeschen Ausland sech géint de CETA gestallt, well – et brauch een d‘Texter nëmmen ze Liesen – dësen Accord den Ëmwelt- a Verbraucherschutz a Fro stellt, de Sozialstaat an d‘Demokratie gefäerdet an virum allem den Afloss vun de Konzernlobyyisten op ee ganz neien, nach ni do gewieschte Level bréngt.

CETADatt déi gréng, virum Antrëtt an den neoliberalen Zäitalter, politesch och géint TTIP & CETA waren a sengerzäit mat de selwechten Argumenter wéi d‘CETA-Géigner opgetruede sinn, schéngt vergiess oder zumindest „aneren“ Interesse geaffert ginn ze sinn. Op Twitter huet de Jan Guth, de grénge Sënneswandel, wuel eppes pointéiert, dofir allerdéngs ganz gutt an ee puer Wierder resuméiert:

Et weist alt emol méi, dass déi Parteie wirtschaftspolitesch – an och op anere Punkten – méi Gemeinsamkeeten, wéi Réckgrat zu hiren all sou ‚hellegen‘ Idealer hunn. Quasi dee selwechte kapitalisteschen neoliberale Bräi. Just bei @deigreng nach mat Bio-Etikett“.

Illustratioun: © Randy Colas

Related topics CETA, déi gréng, Fräihandelsaccord, Gambia
Next post Previous post