Search

You may also like

#VakanzDoheem: Iwwer 131.000 Iwwernuechtungsbongen goufen ageléist
Neiegkeeten

#VakanzDoheem: Iwwer 131.000 Iwwernuechtungsbongen goufen ageléist

Nach bis de 15. September kann de 50 €-Iwwernuechtungsbong ageléist

OGBL: Ënnerstëtzung vum Klimaprotest vun de Schüler
Neiegkeeten

OGBL: Ënnerstëtzung vum Klimaprotest vun de Schüler

Zesumme mam Departement vun de Jonke begréisst an ënnerstëtzt den

Déi däischter Säit vun der Justiz
Neiegkeeten

Déi däischter Säit vun der Justiz

Wa Mënschen hir Strof géintiwwer der Gesellschaft verbéisst hunn an

Kolmer-Bierg: Fir d’Ausbildung vu professionelle Chauffeuren

Kolmer-Bierg: Fir d’Ausbildung vu professionelle Chauffeuren

Fir professionell Chauffeuren optimal op hir Faarten an d’Arrivée vu Fuerassistenzsystemer op neie Gefierer virzebereeden, krut den Formatiounszenter zu Kolmer-Bierg (CFC) een neie Bus, dee wärend dem prakteschen Deel vun der Ausbildung genotzt gëtt. Equipéiert mat den neiste Assistenzsystemer um Maart, gouf dëse Bus vun 22 Journalisten zum „Coach vum Joer 2020“ ernannt.

Zil ass et, si mat den techneschen Innovatioune vertraut ze maachen, ënnert anerem mam Emergency Brake Assist (EBA) aus der leschter Generatioun. Dëse System léist d’Noutbremsen aus, bis datt d’Gefier komplett stoppt. Dës Weideren ass et de Lane Guard System (LGS), deen de Chaufferssëtz vibréiere léisst, wann d’Gefier d’Spuer verléisst, souwéi en Assistent fir den doudege Wénkel an dem System OptiView, bei deem d’Spigelen duerch Kameraen ersat ginn. Esou kritt de Chauffeur eng optimal Vue op de Bildschiermer erméiglecht. Et ass dat éischt Transportmëttel, wat hei zu Lëtzebuerg mat dëser Optioun zougelooss gouf.

Formatioun fir Chauffeuren

No dëser Philosophie wäert de CFC seng Gefierer am Joer 2021 weider moderniséieren, fir un der Spëtzt vun der Technologie fir d’Ausbildung vu Bus-a Camions-Bedreiwer ze stoen.

Hannergrond: Am Kader vun de Richtlinnen 2003/59 CE mussen d’Fuerer vu bestëmmten Transportmëttel, déi fir den Transport vu Wuer oder Passagéier geduecht sinn (Permis C1, C, D1, D) u Formatiounen am Fuerertrainingszentrum (CFC) deelhuelen. Dëst betrëfft zemools déi éischt Qualifikatioun a Weiderbildung (C95).

Related topics Assistenzsystemer, Ausbildung, Bus, Camion, CFC, Formatiounszenter, Kolmer-Bierg
Next post Previous post