Search

You may also like

Déi 14. Editioun vum CinEast steet virun der Dier
Neiegkeeten

Déi 14. Editioun vum CinEast steet virun der Dier

D‘Frënn vun der grousser Leinwand kënnen sech op den Oktober

Doudege Prisonéier zu Schraasseg opfonnt ginn
Neiegkeeten

Doudege Prisonéier zu Schraasseg opfonnt ginn

Um Owend vum 12. Januar, géint 21:15 Auer, gouf am

Verschmotzten Attert: Gusty Graas zolidd veriergert
Neiegkeeten

Verschmotzten Attert: Gusty Graas zolidd veriergert

Nodeems et an der Belsch zu Grendel, an enger Biogasanlag

CFL: 29 nei Kontrolleure sinn zougelooss ginn!

CFL: 29 nei Kontrolleure sinn zougelooss ginn!

Gëschter Moien huet den Transportminister François Bausch 29 neie Kontrolleure vum CFL, sou wéi 6 Kontrolleure vum AVL zougelooss, an dat nom Artikel 4 vum modifizéierte Gesetz vum 19. Juni 2009 iwwert den Ordre an d’Sécherheet vum ëffentlechen Transport

D’Agenten hunn d’Recht den Notzer vum Transportmëttel hire Ticket ze kontrolléieren, administrativ Geldstrofen ze fuerderen, ee manipuléierten oder net gültegen Ticket ewech ze huelen, oder och, jee no Ausmooss, d’Identitéit vun der kontrolléierter Persoun ze iwwerpréiwen.

CFL

riets: De François Bausch, Transportminister © CFL

Donieft ass de Kontrolleur och dozou berechtegt Persounen, déi duerch negatiivt Verhalen opfalen an d’Uerdnung oder d’Sécherheet vum ëffentlechen Transport stéieren, d’Gefier op der nächster Gare oder dem nächsten Arrêt ze verloossen, respektiv sech vun der Haltestell ewech ze beweegen.

Fir d’Zouloossung ze kréien hunn d’Agenten un enger spezieller Formatioun missen deelhuelen. Mir gratuléieren den neie Kontrolleuren!

Foto: © CFL

Related topics AVL, CFLA, François Bausch, Kontroller
Next post Previous post