Search

You may also like

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer
Neiegkeeten

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer

De Staats- a Prmeierminister Xavier Bettel huet um vergaangene Samschdeg

De Grupp CFL kuckt freedeg op 2019 zeréck
Neiegkeeten

De Grupp CFL kuckt freedeg op 2019 zeréck

Bei sengem Rapport vum Joer 2019 huet de Grupp CFL

Robert Plant mat neiem Album am Oktober
Neiegkeeten

Robert Plant mat neiem Album am Oktober

„Carry Fire“ ass no dräi Joer, zanter dem leschten Album,

Spärungen an der Allerhellgevakanz: CFL-Chantier op der Linn 10 a 60

Spärungen an der Allerhellgevakanz: CFL-Chantier op der Linn 10 a 60

Fir dem Client uerdentlech Déngschtleeschtunge bidden ze kënnen ass et onerlässlech d’Schinnennetz kontinuéierlech ze moderniséieren an ze erweideren. Dofir gi wärend der Allerhellgevakanz verschidde Schinnenofschnëtter gespaart.

Zu de concernéierte Strecke gehéiert d’Linn 10 (Lëtzebuerg Stad – Ëlwen – Gouvy) an d’Linn 60 (Lëtzebuerg Stad – Esch Uelzecht – Péiteng – Rodange). Folgend Verkéiersmoossnahme ginn am Schinnennetz getraff:

  • Linn 10: Duerch de grousse Chantier an der Stad Ettelbréck ass den Zuchbetrib vu Samschdeg, den 27. Oktober bis Sonndeg, den 11. November 2018 ageschränkt. Zu der Zäit wäerten tëschent Ettelbréck an Dikrech Ersatzbusser verkéieren. Doniewent gëtt de Fuerplang vun der Linn 10 tëschent dem 27. Oktober a 4. November, an dem Weekend vum 10. an 11. November 2018 geännert. Déi genau Pläng fannt Dir op www.cfl.lu, an der CFL App an op der Gare selwer.
  • Linn 60: Vu Samschdeg, den 27. Oktober bis Sonndeg, den 4. November 2018 fueren Ersatzbusser tëschent Esch Uelzecht a Beetebuerg, déi d’Escher Gare an Bushaltestelle Stadhaus zu Schëffleng, Am Duerf zu Näerzeng an Beetebuerger Gare usteieren. Tëschent de Gare vun der Stad Lëtzebuerg an Esch Uelzecht fueren Direktbusser.

Persoune mat ageschränkter Mobilitéit sollen, ier se mam Ersatzbus reese wëllen, den CFL ënnert der Nummer 4990-3737 oder per E-Mail ënnert video-surveillance.zoc@cfl.lu kontaktéieren. Fir de Transport am Inland geet eng Stonn am Viraus duer, fir internationale Verkéier soll 48 Stonnen am Viraus Bescheed gesot ginn.

De PDF fannt Dir HEI. Mei Informatiounen ginn et ennert www.cfl.lu

Related topics Allerhellgevakanz, Bus, CFL, Chantier, Zuch
Next post Previous post