Search

You may also like

Eng Postkaart fir méi Respekt vun de Mënscherechter
International Neiegkeeten

Eng Postkaart fir méi Respekt vun de Mënscherechter

D‘Initiative „Devoir de Vigilance“, an där net manner wéi siwwenzéng

Vu Brigangen an anere Gesellen
International Neiegkeeten

Vu Brigangen an anere Gesellen

D‘Chrëschtdeeg si fir d‘Police keng roueg Zäit, an esou dierften

money
De Bitcoin hieft op enger internationaler Bourse of
International Neiegkeeten

De Bitcoin hieft op enger internationaler Bourse of

De Bitcoin, déi wuel am Moment kontroverséiertst Kryptowärung op der

ILCAD: Uecht gedoe wann een iwwert d’Schinne muss

ILCAD: Uecht gedoe wann een iwwert d’Schinne muss

Haut fënnt déi 13. Editioun vum internationalen Dag zur Sensibiliséierung vu Schinneniwwergäng statt. Zanter 2009 organiséiert d’Eisebunnegemeinschaft, an Zesummenaarbecht mat enger wuessender Zuel vu Gremien am Stroossensecteur den „International Level Crossing Awareness Day“ (ILCAD), e fënnt well an 42 Länner weltwäit statt.

Bei der CFL steet d’Sécherheet wichtege Bestanddeel vun hirer Geschäftsstrategie op der éischter Plaz. Fir dës ze garantéieren ass eng reegelméisseg Kommunikatioun immens wichteg, wann net souguer liewenswichteg. Am Kader vun der 13. Editioun vun dësem Sensibiliséierungsdag huet d’CFL e Videospot lancéiert, deen zu der Kommunikatiounscampagne gehéiert, déi den 21. Juni hiren Ufank fënnt.

E séchert Verhalen an der Géigend vun Eisebunnsschinne kann eng ganz Welt ausmaachen. D’Sensibiliséierungscampagne presentéiert hei eng drastesch sou wéi spilleresch Approche, déi et erlaabt d’Opmierksamkeet vun de Spectateuren op sech ze zéien, dobäi ass de Message – an zemools de Schluss vum Spot am wichtegsten.

„Iwwert Schinnen oder eng Barrière goen, riskéiert Liewen!“

Wéi verhält een sech richteg? Dat richtegt Verhale bei Schinnen ass nach ëmmer e wichtegt Thema a steet dofir selbstverständlech och am Code de la Route. Soubal den Alarm sou wéi d’rout Luucht ugeet an d’Barrièren zouginn, huet all Gefier ze stoppen. Och Foussgänger solle stoe bleiwen. Mécht en dat net, riskéiert een eng Geldstrof vu bis zu 3.000 Euro. Wann d’Barrièren op sinn, virun allem beim Stau,soll virdru gewaart ginn, bis datt d’Strooss erëm fräi ass. An net ze no un de Schinnen.

Een Automobilist deen sech net un de Code de la Route hält, kritt zwee Punkte vu sengem Führerschäi geholl an eng Geldstrof vun 145 Euro. Am schlëmmste Fall kann et zu enger Kollisioun tëscht Zuch an engem Auto kommen, ma déi gefäerden d’Liewe vun allen Bedeelegten. Dozou gehéieren natierlech och d’Passagéier vum Zuch.

ILCADFoto vu virun der Pandemie © CFL

D’Reegelen net anzehale kann net nëmmen deier ginn, et ass och eng eescht Strofdot. Et riskéiert een net nëmmen en héije materielle Schuet, am schlëmmsten Fall kann e Verstouss een oder souguer méi Liewe kaschten. Och Reparature sinn deier an zäitopwänneg, dobäi kommen negativ Konsequenze wéi Verspéidungen an Zuchausfäll.

Am Duerchschnëtt ginn all Joer ongeféier 75 Barrièrë beschiedegt, dat entsprécht 1 bis 2 Virfäll an der Woch. Dat si 75 riskant Situatiounen an deene Persounen (net nëmmen) hiert Liewen op d’Spill gesat hunn.

D’Eisebunnenagentur vun der Europäescher Unioun (ERA) beseet, datt 31 Prozent vun den déidleche Kollisiounen um Schinnennetz op Iwwergäng stattfannen – an dat mécht 1 Prozent vun den déidlechen Autosaccidenter aus. Dobäi muss ee bedenken, datt et eleng an Europa iwwer 120.000 Iwwergäng am Asaz sinn. Weltwäit sinn et iwwer 500.000.

Hei zu Lëtzebuerg sinn (2016 bis 2021) 2 Mënsche bei Accidenter um Schinnennetz ëm d’Liewe komm. Dat sinn Dramaen déi onvergiesslech sinn a sech net widderhuelen däerfen.

Dofir – gitt gutt Uecht!

Opmaacherbild: © CFL

Related topics Accidenter, Barrière, CFL, ILCAD, International Level Crossing Awareness Day, Liewensgefor, richtegt Verhalen, Schinnen, Verkéier
Next post Previous post