Search

You may also like

D‘Spidolsfederatioun informéiert!
Neiegkeeten

D‘Spidolsfederatioun informéiert!

D‘FHL (Spidolsfederatioun) mécht bekannt, datt unhand dem neie Covid19-Gesetz (7836)

Honger a Krich am Jemen: D’UNO-Memberlänner suerge fir Enttäuschung
Neiegkeeten

Honger a Krich am Jemen: D’UNO-Memberlänner suerge fir Enttäuschung

D’Konflikter, déi schonn zënter ville Joren de Jemen beherrschen, féieren

Hollännesch Regierung entschëllegt sech fir Zwangssterilisatiounen
Neiegkeeten

Hollännesch Regierung entschëllegt sech fir Zwangssterilisatiounen

Déi hollännesch Regierung huet sech e Méindeg, den 20. November

Performant an asazbereet: De CGDIS freet sech op 44 nei Gefierer!

Geet et ëm eis Sécherheet a Rettung, esou ka Lëtzebuerg net méi op de CGDIS (Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours) verzichten. Ma fir déi gewësse Qualitéit, wéi och eng séier an adequat Äntwert op de Besoin ze liwweren, gëtt performant Material benéidegt. Kee Wonner also, datt de CGDIS sech immens dankbar weist zu senge 44 nei Vehikel – opgedeelt a 34 Rettungstransportween, 9 Hëllefsläschgefierer an een Grousstankläschgefier.

Et ass een décken, awer noutwennegen Investissement an den Alldag vun eise Rettungsdéngschter. Haut de Mëtteg hunn d’Inneministesch Taina Bofferding, den President vum Verwaltungsrot Alain Becker an de Generaldirekter Paul Schroeder offiziell déi neist Generatioun u Gefierer presentéiert, déi an Zukunft zu Lëtzebuerg am Fall vum Fall gebraucht ginn.

Déi schéinst Gefierer, flottst Gebaier an dat bescht Geschir notzen allerdéngs näischt, wann d’Personal net mam Material ëmgoe kann. Fir de kompetenten Ëmgang ze garantéieren, ginn d’Membere reegelméisseg a Formatioune geschéckt, sou datt si am Eeschtfall schnell an zouverlässeg handele kënnen. Ma, spéitstens beim Wanterstuerm lescht Woch huet de CGDIS seng Stäerkt a Kompetenz bewisen.

CGDIS

© Martine de Lagardère/moien.lu

Vun RTW, HLF2 a GTLF

Konnt een Deel vun den neie Gefierer schonn haut freedeg presentéiert ginn, esou muss ee sech awer nach e bësselche gedëllegen, bis déi insgesamt 44 Vehikel op Lëtzebuerger Terrain an den Asaz komme kënnen. Vu ganzer 34 Rettungstransportween (RTW) si mëttlerweil 11 Ambulanzen un 10 CISen (Mamer, Stengefort, Dikrech, Ettelbréck, Housen, Ëlwen, Rammerech, Réiden, Wolz a Lëntgen) an een un den INFS (Institut National de Formation de Secours) gaangen.

No dem selwechte Prinzip vun der Optimiséierung sinn 9 Hëllefsleeschtungsläschgefierer (HLF2) bestallt, wouvunner een der Ëffentlechkeet gewise ginn ass an un de CIS Hesper geet. Am Juli war hinnen nämlech bei engem gréissere Flächebrand ee Camion zerstéiert ginn. Zu gudder Lescht kann elo den CIS Kolmer-Bierg sech iwwert een Grousstankläschgefier (GTLF) freeën. Mat enger Kapassitéit vun 10.000 Liter kënne grouss Waasserquantitéiten schnellstméiglech mobiliséiert ginn.

All Gefier ass mat der neister Technik equipéiert. Insgesamt hunn déi 44 Vehikel 10.443.172,03 € kascht.

CGDIS

© Martine de Lagardère/moien.lu

Den Detail gefälleg?

D’Rettungstransportween

  • Chassis: Mercedes Benz Sprinter 519 CDI 4×2 EURO 6
  • Motor: 140 kW (190 PS)
  • Autoriséiert Maximalgewiicht: 5.300 kg
  • Superstruktur SAP vu WAS
  • Sëtzplazen: 2 vir, 3 hannen, 1 um Bancard
  • Equipement: geduecht fir all SAP Interventiounen
  • Präis hTVA: 6.261.780,00 € fir 34 Gefierer

D’Hëllefsleeschtungsläschgefierer

  • Chassis: Mercedes Benz Atego 1630 4×2 EURO 6
  • Motor: 220 kW (300 PS)
  • Autoriséiert Maximalgewiicht: 16.000 kg
  • Superstruktur vun ZIEGLER
  • Sëtzplazen: Kabinn fir 6 Persounen, plus 4 Sëtzer mat Fixatioune fir Otemschutzmasken
  • Waassertank: 2.000 Liter
  • Schaumtank: 200 Liter
  • Pompel: 2.000 l/min bei 10 bar
  • Equipement: geduecht fir Bränn an technesch Hëllefsleeschtungen
  • Präis hTVA : 3.841.145,57 € fir 9 Gefierer (5 Stéck 4×2, 4 Stéck 4×4)

D’Grousstankläschgefier

  • Chassis: MAN TGS 28.460 6×4-4BL EURO 6
  • Motor: 338 kW (460 PS)
  • Autoriséiert Maximalgewiicht: 26.000 kg
  • Superstruktur Gallin/Desautel
  • Sëtzplazen: Kabinn fir 3 Pompjeeën
  • Waassertank: 10.000 Liter
  • Pompel: 3.000 l/min bei 10 bar
  • Méiglechkeet zum schnelle Vidange vum Waasserreservoir
  • Equipement: geduecht fir Bränn
  • Präis hTVA: 340.246,46 € fir ee Gefier

Net nëmmen d’Inneministesch Taina Bofferding, mee mir all kéinten eis net méi houfreg op de CGDIS, den Engagement vu fräiwëllegen an haaptberuffleche Memberen, wéi och déi immens Solidaritéit an d’Asazbereetschaft vun den Asazkräf weisen. Dofir verdéngt all eenzel Persoun am Déngscht ee grousse Merci!

Related topics Alain Becker, Ambulance, CGDIS, Grousstankläschgefier, GTLF, Hëllefsleeschtungsläschgefierer, HLF2, Paul Schroeder, Pompjeeën, Rettung, Rettungstransportween, RTW, Sécherheet, Taina Bofferding
Next post Previous post