Search

You may also like

Nëmmen duerch komme geet net duer
Neiegkeeten

Nëmmen duerch komme geet net duer

Fir um Riednerpult steet ee Mann mat Kostüm a Krawatte

D‘HRS bezéie Stellung zu Anonymme Bréif (kommentéiert)
Neiegkeeten

D‘HRS bezéie Stellung zu Anonymme Bréif (kommentéiert)

Um haitege Freideg hunn d‘HRS (Robert Schumann Spideeler) sech zu

dislikesurprise
Haushaltsspär an den USA: Kee Budget, keen ëffentlechen Déngscht
Neiegkeeten

Haushaltsspär an den USA: Kee Budget, keen ëffentlechen Déngscht

Op den Dag genee no engem Joer Trump-Presidentschaft, mussen d‘USA

Gratulatioun: 48 CGDIS-Stagiairen hunn déi éischt Formatioun gepackt!

Wéi de CGDIS op de soziale Medie matdeelt, hunn lescht Woch 48 Stagiairen den éischten Deel vun hirer Formatioun als Beruffspompjee erfollegräich ofgeschloss. Dobäi sinn si an déi zwee Pelotonen „Formation Incendie et Sauvetage“ (FIS) a „Secours à Personne“ (SAP) agedeelt ginn.

No 6 Méint Ausbildung hunn déi engagéiert Dammen an Hären eng essentiell a wichtege Etapp hannert sech bruecht. Wärend d’Stagiairen am Grupp FIS a Saache Brandbekämpfung an technescher Hëllefsleeschtung hiert Wësse beräichere konnten, huet de Grupp SAP um Terrain an a Spideeler éischt Erfarunge gesammelt. Esou konnt dat theoretescht Wëssen an d’Praxis ëmgesat ginn.

De CGDIS gratuléiert alle Stagiairen an och d’Redaktioun vu Moien.lu felicitéiert. Mir soe Merci fir Ären Asaz an wënsche weiderhin vill Erfolleg fir de Rescht vun der Formatioun!

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © CGDIS / Facebook

Related topics Accident, Beruffspompjee, Brandbekämpfung, CGDIS, FIS, Formatioun, Hëllefsleeschtung, ormation Incendie et Sauvetage, SAP, Secours à Personne, Spidol, Stagiairen, Virfall
Next post Previous post