Search

You may also like

Summerdag vun der Literatur am Mierscher Park
Neiegkeeten

Summerdag vun der Literatur am Mierscher Park

Den 18. Juli 2021 invitéiert de Centre national de littérature

Nationaalt Verkafsverbuet vu Glyphosat ab dem 1. Juli
Neiegkeeten

Nationaalt Verkafsverbuet vu Glyphosat ab dem 1. Juli

Ab dem haitege Mëttwoch gëllt en nationaalt Verbuet fir de

Covid19: Ob emol gëtt sech Gedanke gemaach
Neiegkeeten

Covid19: Ob emol gëtt sech Gedanke gemaach

Well et net kann domadder gedoe sinn, datt sech just

CGDIS: Brand an engem Eefamilljenhaus zu Uewersyren

Gëschter Moien sinn d’Asazkräft vum CGDIS op Uewersyren geruff ginn. En Eefamilljenhaus stoung a Brand. Eng Persoun gouf mat der Ambulanz an d’Spidol bruecht.

No der Arrivée op der Plaz huet de Pelotonschef misse feststellen, datt um zweete Stack vum Gebai eng Matrass um brenne wier. D’Pompjeeën hunn mat Otemschutz géint d’Feier, dat sech schonn weider iwwert d’Etage ausgebreet hat, ugekämpft. Duerch e séiert Agräifen konnte sech d’Flamen net bis bei den Daachstull eropschaffen.

Wéinst dem Verdacht op Dampvergëftung huet eng Persoun misse vum First Responder betreit an uschléissend mat der Ambulanz an dem SAMU fir eng Kontroll an d’Spidol gefouert ginn.

Den Asaz huet ronn eng Stonn gedauert.

Fotoen: © CGDIS

Related topics Asaz, Brand, CGDIS, Dampvergëftung, Feier, Flamen, Spidol
Next post Previous post