Search

You may also like

surprise
SpaceX: Déi gréisste Rakéit vun der Welt ass um Wee Richtung Mars
International Neiegkeeten Stories

SpaceX: Déi gréisste Rakéit vun der Welt ass um Wee Richtung Mars

D‘Falcon Heavy vu SpaceX ass um Dënschdeg op seng éischt

Grouss Maniff an Israel géint e Gesetz dat „Leihmutterschaft“ fir homosexuell Koppele verbitt
International Neiegkeeten Stories

Grouss Maniff an Israel géint e Gesetz dat „Leihmutterschaft“ fir homosexuell Koppele verbitt

Dausenden Israelien hunn e Sonndeg, notamment zu Tel Aviv, géint

Krisesëtzung fir d’Aviatioun zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten Stories

Krisesëtzung fir d’Aviatioun zu Lëtzebuerg

Nieft der Regierung, vertrueden duerch de Vizepremier François Bausch (déi

De CGDIS an d’Dronen: Wéi flitt Lëtzebuerg?

De CGDIS an d’Dronen: Wéi flitt Lëtzebuerg?

Dronen – onbemannt Loftgefierer mat meeschtens véier Probeller an equipéiert mat enger Kamera, gi mëttlerweil vun Amateur a Professionelle fir spektakulär Opnamen aus der Vugelsperspektiv genotzt. Och de CGDIS konnt, duerch den Asaz vun dësem techneschen Hëllefsmëttel, ee schnellt a ugepasst Handele garantéieren an esou verschidden Asätz vereinfachen.

Schonn am Joer 2014 ass zu Lëtzebuerg d’Iddi opkomm, fir Drone bei Asätz ze notzen, wourauser am Endeffekt awer näischt sollt ginn. De Knackpunkt koum ee knappt Joer méi spéit, wou eis Lëtzebuerger Pompjeeën zu Besuch am däitschen Hannover op der INTERSCHUTZ, eng Foire mat a fir Rettungskräft, Bevëlkerungsschutz a Sécherheet, present waren. Och d’Rettungswiese geet mat der Technologie, wouduerch déi neist Dronen an all hir Leeschtunge presentéiert gi sinn.

D’Stater Pompjeeën hunn, zur selwechter Zäit wéi d’Bäerdrefer Asazkräft, de selwechte Modell vun der fleiender Technik kaaft. Sech zesummen ze doe louch ab dësem Zäitpunkt bal op der Hand. Am Dezember vum selwechte Joer ass d’Dron geliwwert ginn. Mat abegraff war direkt eng Formatioun vun 2 Deeg un der vun den haitege 19 Pompjeeën, déi mat der Dron schaffen dierfen, 13 Stéck schonn deelgeholl hunn. Déi restlech 6 Persounen si spéider forméiert ginn.

Dron

© Shari Pleimelding/moien.lu

Wa bemol de CGDIS entsteet

Mat der Kreatioun vum CGDIS (Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours) virun emol net all ze laanger Zäit sinn endlech Ressourcen zesummegeschloss an optimiséiert, sou wéi eng eenheetlech national Struktur geschaf ginn. Mat dësem wichtege Schrëtt, dee souwuel fir Beruffs- wéi och fir fräiwëlleg Pompjeeën eng Panoplie u Virdeeler mat sech bruecht huet, konnt ee schliisslech och gemeinsam Strategië fir déi nei technesch Hëllefsmëttel, d’Dron, ausschaffen.

Am Ganzen huet de CGDIS elo 5 Dronen, woubäi der 3 dem CIS Lëtzebuerg gehéieren. Déi verschidde Modeller, Gréissten an technesch Equipementer gi jee no Asaz ausgewielt. Nieft de fleienden Assistente gëtt ee ganze Set opgebaut, fir deem seng Installatioun 4 Persounen net méi wéi 30 Minutte brauche sollen.

Dron

© Shari Pleimelding/moien.lu

Wisou Dronen esou nëtzlech sinn

Fir d’Pompjeeë steet kloer fest, datt et besser ass, eng Dron bei engem Asaz ze verléieren, wéi eng Persoun. Materielle Schuet kann nämlech ersat ginn. Mat de Biller a Videoen, déi d’Hëllefsmëttel mëscht, kann een einfach a schnell d’Ausmooss vun der Zerstéierung oder dem Brand feststellen. Nom Tornado hunn d’Asazkräft esou beispillsweis erausfonnt, datt d’Schiet zu Käerjeng Péiteng méi grouss waren, wéi ufanks erwaart.

Unhand vun der thermescher Kamera kann donieft festgestallt ginn, wou genau sech d’Feier befënnt, sou datt een am weidere Verlaf schnell déi noutwenneg Moossnamen ergräife kann an den Asaz erfollegräich, ouni ze grouss Schiet, ofschléisse kann. Natierlech kënnen unhand vun de verschiddene Faarwen um Ecran och Persounen direkt opgespiert ginn.

Déi éischt Interventioun gouf et iwwregens am Joer 2016 zu Déifferdeng. D’Pompjeeë sinn hei bei een Accident mat ausgetruedenem gëftegem Gas geruff ginn. Wëll ee vun der Basis aus net gutt erkenne konnt, wat fir sech gaangen ass, huet d’Dron d’Ekipp begleet, fir esou visuelle Kontakt ze halen. Am Eeschtfall hätt ee senge Kollege schnell kënnen zur Hëllef kommen.

Dron

© Shari Pleimelding/moien.lu

Wat ee vläicht nach wësse sollt

Am onkontrolléierte Loftraum dierf all Persoun seng Dron, bis op eng Héicht vu 50 Meter, erop klamme loossen. Fir d’Flicht muss, laut den offizielle Reegele vun der DAC, eng speziell Autorisatioun ugefrot ginn, déi och d’Pompjeeë virleeë mussen. Bis ewell gëtt et kee kloren an eenheetleche Kader an der EU fir d’Notzung vun den Dronen. Bis 2020 sollen d’Reegelungen zu Lëtzebuerg, wéi och an alle weidere Memberstaaten, a Kraaft trieden. Genau Informatiounen zur Notzung vun enger Dron fannt dir bei der Direktioun vun der ziviller Aviatioun a bei EASA.

Dem CIS Lëtzebuerg gehéiere folgend 3 Dronen: DJI Inspire 1, ZEN Drone QX8-900 V2 an DJI Spark-Ranger a modifizéierter Versioun fir d’Autoritéiten. De CIS Lëntgen / CSL huet, wéi och de CIS Bäerdref-Bollenduerf eng DJI Inspire 1 am Besëtz, woubäi Bäerdref-Bollendorf nach eng modifizéiert DJI Spark-Ranger zum Equipement zielt.

Wie sech eng performant Dron keeft, dee läit gäre bei e puer dausend Euro. D’Pompjeeë louchen, ouni Kamera, dofir mat diverse Modifikatiounen, bei enger 5-stelleger Zomm pro Apparat. Stëbs a Reen dinn dem fleienden Hëllefsmëttel näischt, bei staarkem Reen, Donnerwieder a Wandstäerkten iwwer 10 Meter pro Sekonn sollt ee se allerdéngs, aus Sécherheetsgrënn, net méi steige loossen.

Ee spezielle Sécherheetssystem suergt zudeem dofir, datt d’Dron am Noutfall net einfach eroffält, mee douce um Buedem ukënnt. Wéi de CGDIS erkläert, huet hir gréisst Dron eng Längt vun 960 mm (mat Probeller), eng Héicht vu ronn 460 mm an ouni Kamera ee Gewiicht vu 5 kg. Mat der Kamera a weidere Gadgete läit ee bei stolzen 9 kg, woubäi den technesche Kolleg duerch ee Crochet nach weider 2 kg droen an transportéiere kann. An der Theorie soll dës schwaarz Dron mat engem Akku bis zu 25 Minutte fléie kënnen. Wand an aner Beräicher kënnen hei allerdéngs d’Fluchzäit verkierzen.

Dron

© Shari Pleimelding/moien.lu

Wat seet d’Zukunft?

Generell setzt sech de CGDIS ee Mol am Joer zesummen, fir eng Retrospektiv ze maachen an een Abléck an d’Zukunft ze woen. An engems ginn Erfarungen an Iddien ausgetosch, sou datt d’Servicer ëmmer méi performant an effektiv gestalt kënne ginn.

Op Nofro ass hei erkläert ginn, datt een an nächster Zäit observéieren an entscheede muss, wéi eng Outilen ee genau braucht. Bis ewell kann d’Dron selwer nämlech nach keng 3D Biller a Volummen entstoe loossen, Miessungen ausféieren oder prezis Temperature moossen. Déi aktuell Drone wéilt een awer op alle Fall esou laang notzen, wéi d’Evolutioun vun der Technik an Aktualiséierunge vum Hiersteller et hierginn.

Virun allem a Groussbritannien ginn déi technesch Hëllefsmëttel scho staark genotzt. Een Austausch tëscht de verschiddene Länner ass net ze ëmgoen. Mat eise belschen Nopere steet de CGDIS ëmmer a Kontakt, aus Frankräich si schonn Demanden erakomm an deemnächst wäert sech dëse Reseau sécherlech erweideren. Wat zielt ass, datt déi modern Technik fir d’Sécherheet, d’Rettung an de Schutz vun all Liewewiese beschtméiglech genotzt soll ginn!

D’Kuerzfaassung zu allen Detailer vun den Dronen fannt Dir HEI.

Related topics Accident, CGDIS, CGO, CIS, DJI Inspire 1, DJI Spark-Ranger, Dronen, Loftopnahmen, Tornado, ZEN Drone QX8-900 V2
Next post Previous post