Search

You may also like

EU-Kommissiounspresident am Spidol
Neiegkeeten

EU-Kommissiounspresident am Spidol

Entspriechend dem Communiqué vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker senger Spriecherin Mina

Vun den europäesche Gesondheetssystemer am Stach gelooss
Neiegkeeten

Vun den europäesche Gesondheetssystemer am Stach gelooss

Um vergaangene Mëttwoch huet d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM)

Ee proppere Planéit fir eis all?
Neiegkeeten

Ee proppere Planéit fir eis all?

D’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg wäert

CGDIS: Feier an Eefamilljenhaus zu Biergem

Gëschter am spéiden Nomëtteg goung beim 112 een Appell eran, datt en Daachstull vun engem Eefamilljenhaus zu Biergem a Flame stoe géif. Aus ongekläerter Ursaach ass d’Feier um éischte Stack vum Gebai ausgebrach an huet op den Daach iwwergegraff, stoung bei der Arrivée vun den Asazkräfte a Vollbrand.

D’Feier konnt séier ënnert Kontroll bruecht ginn. No annerhallwer Stonn war d’Feier komplett geläscht. Beim Asaz gouf kee blesséiert.

An dësem Kontext deelt de CGDIS mat, datt d’Pompjeeën bei den héije summerlechen Temperaturen just hallef esou laang wéi gewinnt mam Otemschutz schaffe kënnen. Dofir huet de „Commandant des opérations de secours“ (COS) weider „Otemschutzdréier“ op ugefuerdert, sou datt d’Asazkräft sech genuch ausrouen a sech reegelméisseg ofwiessele konnten.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zum Asaz © CGDIS

Related topics Brand, CGDIS, COS, Eefamilljenhaus, Feier, Flamen, Läschaarbechten, Otemschutz, Pompjeeën, Vollbrand
Next post Previous post