Search

You may also like

dislike
Wann de Jughurt sauer schmaacht
Neiegkeeten

Wann de Jughurt sauer schmaacht

Et ass e Virbiewen vum Wahlkampf, wann sech zwee Ministeren

Wéi eng Serie solls de haut nach ufänken ze kucken?
Neiegkeeten

Wéi eng Serie solls de haut nach ufänken ze kucken?

[onionbuzz quiz-id=97][/onionbuzz] Et ginn esou vill Serien, datt et oft

CinEast 2020: Trotz Erausfuerderungen eng erfollegräich Editioun
Neiegkeeten

CinEast 2020: Trotz Erausfuerderungen eng erfollegräich Editioun

Wann een d’Ëmstänn an d’Aschränkungen an de Kinoen bedenkt, war

CGDIS: Feier op der Place Guillaume II!

Wéi de CGDIS matdeelt sinn de Mëtteg um 16:20 Auer zuelräich Appellen agaangen, datt een Daach op der Place Guillaume II an der Stad Lëtzebuerg a Flame steet. D’Pompjeeën hu sech direkt op de Wee gemaach!

Déi éischt Unitéiten op der Plaz un ee Feier um Sous-Sol vun enger Brasserie festgestallt. Hei hu sech d’Flame vertikal bis op déi iewescht Etagen vum Gebai, bis bei den Daach ausgebreet. Duerch de villen Damp hunn d’Pompjeeën mat Otemmasken schaffen, fir d’Feier ënnert Kontroll ze kréien an esou eng horizontal Ausbreedung op aner Gebaier ze verhënneren.

Feier

© CGDIS

Zwou Persounen sinn duerch Dampvergëftungen an d’Urgence gefouert ginn. 60 Pompjeeën waren op der Plaz fir ze hëllefen:

CIS Lëtzebuerg, CIS Hesper, CIS Nidderaanwen-Schëtter, CIS Réiser, CIS Jonglënster, Chef de Compagnie, eng Dron, sanitär Ënnerstëtzung, d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Related topics CGDIS, CIS, Feier, Lydie Polfer, Place Guillaume II, Pompjeeën
Next post Previous post