Search

You may also like

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo
Neiegkeeten

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo

Um vergaangene Sonndeg huet d’Erëffnungszeremonie vum Olympesche Festival vun der

Wéi ass et ëm d‘Sécherheet am Land bestallt?
Neiegkeeten

Wéi ass et ëm d‘Sécherheet am Land bestallt?

Ab dem 1. Oktober start de STATEC – den nationalen

Vu ganzem Häerzen!
Neiegkeeten

Vu ganzem Häerzen!

Mäin Numm ass Alain Greiveldinger, ech sinn 39 Joer an

CGDIS: Mat dësem Fuersimulator soll méi Sécherheet garantéiert ginn

Um 9. Mee huet de CGDIS ee Fuersimulator fir de Camion geliwwert kritt, fir esou d’Formatioune vun de Pompjeeën ze erliichteren an ze verbesseren. De Simulator gëtt net eleng zu Lëtzebuerg genotzt, mee ka vun der ganzer Groussregioun beusprocht ginn, sou datt ee Maximum u Sécherheetskräfte vun engem adequaten Training profitéiere kann.

Am Kader vum Projet INTER’RED, deen am Mäerz 2019 lancéiert gouf, ass de Simulator zum Deel vun der Europäescher Unioun, finanzéiert ginn. Un dësem Kooperatiounsprojet fir Hëllefskräft huet de CGDIS als Responsabele fir de Work Package „Formation“ deelgeholl. Zil ass et den Acteuren aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an der Belsch zougänglech Trainingen unzebidden.

Noutfäll beschränke sech net op déi geografesch Grenzen. Aus dësem Grond geet et bei INTER’RED dorëm, eng grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht opzebauen an d’Pompjeeën esou an den Asaz schécken ze kënnen, datt zu all Ament vun der Interventioun hir Sécherheet garantéiert ass.

Klëmmt de Pompjee an d’Simulatiouns-Kabinn vum Camion, da gëtt hien mat enger Variatioun un Zeenarien a kritesche Situatioune konfrontéiert, bei deenen ee mat Schnellegkeet a Reflexer handele muss. Am Eeschtfall gëtt esou d’Sécherheet vum Chauffeur an der ganzer Ekipp garantéiert. D’Formatioun gëtt iwwregens ugebuede vum Nationalen Institut fir Formatioune fir Hëllefsdéngschter (INFS).

De Simulator vun der jéngster Generatioun kënnt vun der däitscher Societéit SiFaT Road Safety GmbH.

Related topics Camion, CGDIS, Formatioun, Fuersécherheet, Fuersimulator, grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht, Groussregion, INTER'RED, Pompjeeën, Sécherheet, SiFaT Road Safety GmbH
Next post Previous post