Search

You may also like

De Weltdag vum Radio, erkläert
Neiegkeeten

De Weltdag vum Radio, erkläert

Zënter 2012 gëtt vun der UNESCO de Weltdag vum Radio

Kultur: Eng nei Saison mat villen Erausfuerderung an Onsécherheeten
Neiegkeeten

Kultur: Eng nei Saison mat villen Erausfuerderung an Onsécherheeten

Am kulturelle Beräich steet eng nei Saison virun der Dier,

Mat der „Voiture“ an den „Te Deum“ (Kommentar)
Neiegkeeten

Mat der „Voiture“ an den „Te Deum“ (Kommentar)

Te Deum ass Latäin a bedeit esouvill wéi „Gott, mir

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!

Um 17:30 Auer si gëschter eng Zwanzeg Appelle bei de Rettungsdéngschter agaangen, datt an der Rue Joseph Kieffer zu Esch-Uelzecht enormen Damp festzestelle war. D’Pompjeeën hu missen ee grousst Feier an enger Lagerhal ënner Kontroll bréngen.

Duerch schnellt a richtegt Handele vun de Rettungsdéngschter an dem Asaz vu 7 Läschgefierer konnten d’Flamen op d’Hal begrenzt ginn, sou datt d’Ausbreedung op no geparkte Gefierer an aner Gebaier vermeit konnt ginn. Och d’Applikatioun Gouvalert ass benoriichtegt ginn, sou datt d’Residenten aus der Géigend Bescheed woussten, sech net dobaussen opzehalen an d’Fënsteren net opzemaachen.

Am Ganze ware 55 Pompjeeën op der Plaz, sou datt keng Persoun blesséiert ginn ass:

CIS Esch-Uelzecht, CIS Diddeleng, CIS Suessem-Déifferdeng, CIS Schëffleng, CIS Käerjeng-Péiteng, CIS Monnerech, Gesondheetsoffizéier, Chef de Compagnie Schutzzon Süd, Aktivatioun vum Centre des Gestion de Opérations, Centre de Soutien Logistique

Related topics CGDIS, Esch-Uelzecht, Feier, Pompjeeën
Next post Previous post